Krasnojarsk
| Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Krasnojarsk | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Land | Russland |
| Federatiounskrees | Sibirien |
| Status | Regioun |
| Regioun | Krasnojarsk |
| Gegrënnt | 1628 |
| Awunner | 1.092.851 (2021) |
| Fläch | 348 |
| Koordinaten | 56°0'32"N, 92°52'19"O |
| Telefonszon | 391 |
| Postcode | 660000–660136 |
| Websäit | http://www.admkrsk.ru/ |
|
| |
|
| |
Krasnojarsk (Красноярск) ass d'Haaptstad vun der Regioun Krasnojarsk a Sibirien, Russland. Si läit um Floss Jenissei souwéi un der Transsibirescher Eisebunn. Mat bal enger Millioun Awunner (Stand 2009) ass et déi drëttgréisste Stad a Sibiren, no Nowosibirsk an Omsk.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]Um Zéngrubelschäi fënnt een direkt dräi kuckeswäert Bauwierker vun der Stad: d'Kraaftwierk um Krasnojarsker Stauséi, d'Kapell Paraskewa-Pjatniza an d'Gemengebréck iwwer de Jenissei.
Déi leschtgenannt geet um Norduwänner an d'Haaptverkéiersoder Weinbaumstrooss iwwer, ongeféier bei der Theaterplaz mat deem fir d'350-järegt Stadjubiläum gebauten Operntheater an dem Hotel Krasnojarsk. Parallel zur Weinbaumstrooss leeft de Prospekt Mira, d'Haaptakafsstrooss vun den Awunner.
Am Südweste vun der Stad setzt d'Transsibiresch Eisebunn, op enger ronn 1000 m laanger stole Fachwierkbréck, iwwer de Jenissei. Déi éischt Bréck war zu hirer Zäit (1896) eng vun de längste Konstruktiounen op der russescher Eisebunn, déi souguer op der Paräisser Weltausstellung am Joer 1900 ausgezeechent gouf. D'Gare vu Krasnojarsk stécht zanter hirer Reonovatioun 2004 gläichermoossen als apaart Bauwierk ervir. Dëst geet op de Kont vum Pjotr Pimaschkow, dee 15 Joer laang Buergermeeschter war (1996-2011), a vill zur Stadverschéinerung bäigedroen huet.
Och nach z'ernimme sinn d'Kierch Maria-Schutz-a-Fürbitten (1795), an de Regionalmusée vu Krasnojarsk am neo-egyptesche Stil (1929).
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- Gare vu Krasnojarsk
- Eisebunnsbréck iwwer de Jenissei
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Krasnoyarsk – Biller, Videoen oder Audiodateien |
