Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.860 Artikelen an 119 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … déi zwou Bensinnsstatiounen op der Aire de Berchem iwwer 360 Millioune Liter Sprit am Joer verkafen?
- … de lëtzebuergeschen Ethnolog Edouard Conzemius (1892-1931) e Spezialist vun de Miskito- a Sumu-Indianer an Honduras an Nicaragua war?
- … an der Kierch vu Bäerdref, ënner dem Haaptaltor, ee réimesche Véiergëtterstee steet, mat der Minerva, der Juno, dem Apollo an dem Herkules drop?
- … fir de Bau vun der Adolf-Emil-Hütte (haut ArcelorMittal Esch-Belval) 1909 praktesch dee ganzen 92 ha groussen Escher Bësch ofgeholzt ginn ass?
- … d'Lise Rischard (geb. Meyer, 1868-1940) am Éischte Weltkrich den Englänner Informatiounen iwwer däitsch Truppentransporter an der Stater Gare zoukomme gelooss huet, andeems dës kodéiert an engem Fortsetzungsroman an der Zäitschrëft Der Landwirt publizéiert goufen?
Artikel vun der Woch

Lellgen ass eng Uertschaft mat 113 Awunner (2013) an der Gemeng Kiischpelt (bis 2006: Gemeng Wëlwerwolz).
Et läit am Dall vun der Klierf. Déi héchst Plaz beim d'Duerf ass mat 504 Meter um Pënzebierg op der Sektiounsgrenz mat Holztem. An der Uertschaft lafen d'Lellgerbaach an d'Pënscherbaach zesumme fir da ronn 100 Meter duerno an d'Klierf ze lafen. Aner Baache sinn d'Hellbich, d'Jopich an d'Laaschterbaach.
Den Ursprong vu Lellgen (Lellingen) geet op d'Zäit vun de Muselfranken zeréck, deenen hir Siidlungen dacks op –ingen geendegt hunn; deemno engem Lallo seng Sippschaft. Et kann awer och sinn, datt den Uert vum réimesche Laellius ofgeleet ass, well d'Géigend schonns zur Réimerzäit besidelt war.
1985 gouf Lellge vum Service des sites et monuments zu engem Modellduerf ausgeruff, Haiser an Häff goufe restauréiert, an eng 100 nei Beem an ëm déi 3000 verschidden Traisch ugeplanzt. Lelljen ass bekannt fir déi wëll Narzissen (Narcissus pseudonarcissus; "Lorblumm") déi am Bësch um Lor wuessen... > méi

Op engem 31. August
- 12: Gebuert vum réimesche Keeser Caligula (37 bis 41).
- 1880: Déi hollännesch Kinnigin Wilhelmina gëtt gebuer.
- 1929: Gebuert vun der lëtzebuergescher Filmschauspillerin an Dänzerin Germaine Damar.
- 1942: Generalstreik zu Lëtzebuerg géint déi däitsch Besatzung.
- 1945: Den israeelesche Violonist Itzhak Perlman kënnt op d'Welt.
- 1947: De lëtzebuergesche Schrëftsteller Guy Rewenig gëtt gebuer.
- 1991: Kirgisistan an Usbekistan ginn onofhängeg.
- 1997: D'Diana Frances Spencer ("Lady Di") stierft bei engem Autosaccident.
Kierzlech Verstuerwen

- 28. August: Harald V., Kinnek vun Norwegen.
- 25. August: Tim Curry, brittesche Schauspiller; Dolly Parton, US-amerikanesch Countrysängerin.
- 24. August: Philippe Bouvard, franséische Journalist a Radios- an Teleesanimateur.
- 23. August: Klaus-Michael Kühne, däitsche Geschäftsmann.
- 22. August: Siim Kallas, estnesche Politiker.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
