# vun der (news sources) — RSS Amplifier

Recent posts from the 2 feeds in the RSS Amplifier directory that cover vun der.

Page: <https://rssamplifier.com/topics/vun-der/news>  
Feed: <https://rssamplifier.com/topics/vun-der/news.md>

---

## [Déi ganz Woch iwwer: Vun e Méindeg u keng Zich vum Houwald aus a Richtung Rodange a Metz](https://www.rtl.lu/mobiliteit/news/vun-e-meindeg-u-keng-zich-vum-houwald-aus-a-richtung-rodange-a-metz-499630250)

_2026-08-23 · Headlines_

Vun e Méindeg bis e Freideg kann een um Houwald keng Zich a Richtung Rodange a Metz huelen. D'Verbindung a Richtung Stad leeft awer weider.

## [Néng Blesséierter an de leschte Stonnen: CGDIS mellt Motorradsaccident a Foussgänger, deen ugestouss gouf](https://www.rtl.lu/news/national/cgdis-mellt-motorradsaccident-a-foussganger-deen-ugestouss-gouf-2050194208)

_2026-08-23 · Headlines_

An der Nuecht op e Sonndeg haten d'Ekippe vum CGDIS uechter d'Land genuch ze dinn. Et gouf siwen Accidenter mat insgesamt néng Blesséierten.

## [Sonndesinterview mam Jean-Claude Henkes: De Libraire "mat Häerz a Séil" geet no 45 Joer an d'Pensioun](https://www.rtl.lu/kultur/news/de-libraire-mat-haerz-a-seil-geet-no-45-joer-an-dpensioun-1194164111)

_2026-08-23 · Headlines_

Zënter 1981 beréit hien - mat enger Ënnerbriechung vun 3 Joer - d'Clienten an der Librairie Ernster. Am Interview verréit hien, wéi hien d'Entwécklung vun der Lëtzebuerger Literatur aschätzt a wéi eng Aventuren hien a senger Auszäit tëscht 1996 an 1999 erlieft huet.

## [Vu Mustiken iwwerdroen: Scho fënnef Doudeger an Nordmazedonien duerch West-Nil-Virus](https://www.rtl.lu/news/international/scho-fennef-doudeger-an-nordmazedonien-duerch-west-nil-virus-903700121)

_2026-08-23 · Headlines_

An de leschte Woche sinn an Nordmazedonien fënnef Mënschen um West-Nil-Virus gestuerwen, dee vu Mustiken iwwerdroe gëtt.

## [D'Course live dëse Sonndeg ëm 11:40 Auer op RTL ZWEE an RTL Play: Porsche Supercup Zandvoort](https://www.rtl.lu/sport/auto-moto/news/porsche-supercup-zandvoort-1360153994)

_2026-08-23 · Headlines_

Duebele Weekend fir d'Pilote vum Porsche Supercup. Zu Zandvoort ginn um Samschdegowend an um Sonndegmoien direkt zwou Manchë vum Supercup gefuer.

## [BGL Ligue an der RTL Live Arena: De Match Ettelbréck géint Käerjeng ëm 16:00 Auer am Livestream a Liveticker](https://www.rtl.lu/sport/futtball/news/de-match-ettelbreck-geint-kaerjeng-em-16-00-auer-am-livestream-a-liveticker-63537129)

_2026-08-23 · Headlines_

De Weekend gëtt de 4. Spilldag an der BGL Ligue gespillt.

## [Course live dëse Sonndeg ëm 14:20 Auer op RTL ZWEE an RTL Play: Formel 1: Grousse Präis vun Holland](https://www.rtl.lu/sport/f1/news/formel-1-grousse-prais-vun-holland-839823954)

_2026-08-23 · Headlines_

D'F1-Rentrée huet et a sech. No der Summerpaus steet direkt ee Sprint-Weekend um Programm. D'Piloten hu wéineg Zäit, fir sech anzeschéissen, an d'Zuschauer kënnen op dräi Deeg Action hoffen.

## [Film vun der Woch: "Sunny Dancer" vum Georges Jaques](https://www.rtl.lu/kultur/kino-news/sunny-dancer-vum-georges-jaques-1515050947)

_2026-08-22 · Headlines_

"Sunny Dancer" bréngt et fäerdeg, d'Besoinen an d'Ängschte vu kriibskranke Jugendleche mat Fangerspëtzegefill a vill schwaarzem Humor ze beschreiwen.

## [CGDIS: Dräi Blesséierter bei Accidenter e Samschdeg](https://www.rtl.lu/news/national/drai-blesseierter-bei-accidenter-e-samschdeg-1748634398)

_2026-08-22 · Headlines_

De CGDIS huet e Samschdeg dräi Accidenter op de Lëtzebuerger Stroosse gemellt.

## [Den Iwwerbléck vum internationale Futtball: Brentford klappt Tottenham, d'Bayern wannen den däitsche Supercup](https://www.rtl.lu/sport/futtball/news/brentford-wennt-3-0-geint-tottenham-inter-klappt-monza-souveran-1065762862)

_2026-08-22 · Headlines_

Donieft huet Hull City géint Manchester United gewonnen a Leverkusen a Leipzig sinn am DFB-Pokal eng Ronn weider.

## [8.1% APY Plus Free Stock (Sponsored)](https://crawlproof.com/a/55D2ENAsSzGG)

_2026-08-22 · **Sponsored**_

Claim 8.1% APY and up to $1,030 in SK hynix and Nvidia stock.

## [Vuelta: 1. Etapp: Den Tadej Pogacar gewënnt d'Zäitfueren, 10. Plaz fir den Arthur Kluckers](https://www.rtl.lu/sport/velossport/news/den-tadej-pogacar-gewennt-dzaitfueren-10-plaz-fir-den-arthur-kluckers-1170063323)

_2026-08-22 · Headlines_

Fir den Optakt vun der 81. Editioun vun der Vuelta stoung e Samschdeg en 9,4 Kilometer laangt Zäitfueren duerch Monaco um Programm.

## [Nach bis den 9. September um Glacis: Eist Social-Media-Team test déi nei Schueberfouer-Attraktiounen](https://www.rtl.lu/news/panorama/eist-social-media-team-test-dei-nei-schueberfouer-attraktiounen-887930003)

_2026-08-22 · Headlines_

E Freideg huet de Glacis sech nees an dat gréisst Volleksfest am Grand-Duché verwandelt. D'Schueberfouer huet ugefaangen.

## [An der Géigend vu Middlesbrough: Siwen Doudeger bei Accident tëscht Geeschterfuerer a Policeauto an England](https://www.rtl.lu/news/international/siwen-doudeger-bei-accident-tescht-geeschterfuerer-a-policeauto-an-england-30890456)

_2026-08-22 · Headlines_

Op enger vun de wichtegste Stroossen am Norde vun England ass et e Samschdeg an de fréie Moiesstonnen zu engem uergen Accident komm. Siwe Persoune sinn dobäi ëm d'Liewe komm.

## [Porsche Supercup: Victoire fir de Paul Cauhaupé, 4. Plaz fir den Chester Kieffer](https://www.rtl.lu/sport/auto-moto/news/victoire-fir-de-paul-cauhaupe-4-plaz-fir-den-chester-kieffer-1549757749)

_2026-08-22 · Headlines_

De Weekend ginn zu Zandvoort an Holland am Kader vum Formel-1-Grand-Prix och d'Manchë 6 a 7 vum Porsche Supercup gefuer.

## [Extreemt Wieder a Spuenien: Spuenesch Pompjeeë kämpfe géint Bëschbrand zu Valencia an Iwwerschwemmungen un der Goldküst](https://www.rtl.lu/news/international/spuenesch-pompjeee-kampfe-geint-beschbrand-zu-valencia-an-iwwerschwemmungen-un-der-goldkust-692666498)

_2026-08-22 · Headlines_

Tëscht de Groussstied Valencia a Barcelona hunn déi spuenesch Pompjeeë missen eng ganz Rei Leit a Sécherheet bréngen.

## [Formel 1: De Lando Norris start e Sonndeg vun der Pole Position](https://www.rtl.lu/sport/f1/news/de-lando-norris-start-e-sonndeg-vun-der-pole-position-1159472226)

_2026-08-22 · Headlines_

Déi zwee Mercedes-Piloten George Russell a Kimi Antonelli gi vun de Plazen 2 an 3 un den Depart.

## [Schwäiz: Zwee Doudeger no uergem Brand an engem Appartementshaus zu Thusis](https://www.rtl.lu/news/international/fennef-vermesster-an-19-blesseierter-bei-zwee-brann-an-appartementshaiser-1293301681)

_2026-08-22 · Headlines_

An der Schwäiz goufen an der Woch bei zwee Bränn an Appartementshaiser 19 Leit blesséiert. No engem vun de Bränn ginn nach Leit vermësst.

## [Test ob d'Streck wirtschaftlech rentabel ass: Südkorea schéckt éischt Containerschëff duerch d'Arktis](https://www.rtl.lu/news/international/sudkorea-scheckt-eischt-containerscheff-duerch-darktis-759120054)

_2026-08-22 · Headlines_

Duerch d'Äis, wat schmëlzt, gi wärend de Summerméint ëmmer méi Passagë fir Handelsschëffer op, déi viru Joren nach net fir grouss Frachtschëffer zougänglech waren.

## ["Emotiounen, déi mech ëmmer begleede wäerten": Julian Alaphilippe zitt Schlussstréch ënnert seng Karriär](https://www.rtl.lu/sport/velossport/news/julian-alaphilippe-zitt-schlussstrech-ennert-seng-karriar-188225947)

_2026-08-22 · Headlines_

De fréiere Weltmeeschter huet e Samschdeg e Bericht vun der "L'Équipe" confirméiert, datt hien direkt e Schlussstréch ënnert seng Karriär zitt.

## [Faktencheck: KI-generéiert Bild gëtt genotzt, fir tatsächlechen Attack wärend der Migratiounskris zu Ceuta falsch duerzestellen](https://www.rtl.lu/news/faktencheck/ki-genereiert-bild-gett-genotzt-fir-tatsachlechen-attack-warend-der-migratiounskris-zu-ceuta-falsch-duerzestellen-1476964270)

_2026-08-22 · RTL mat AFP · Headlines_

Faktencheck KI-generéiert Bild gëtt genotzt, fir tatsächlechen Attack wärend der Migratiounskris zu Ceuta falsch duerzestellen Obwuel d'Bild aus enger reeller Zeen aus engem Video geholl gouf, gouf et trotzdeem nach mat KI manipuléiert, fir et nach méi dramatesch duerzestellen. Zéngdausende Migranten hunn Enn Juli 2026 probéiert, aus Marokko op Ceuta, eng spuenesch Exklav an Nordafrika, ze kommen.…

## [Chovy's Blog: Agentic Coding (Sponsored)](https://crawlproof.com/a/cxN5k7qWIAPr)

_2026-08-22 · **Sponsored**_

Personal posts on agentic coding, moshcode CLI, and security findings.

## [DAB+ zouverlässeg a Krisenzäiten?: DAB+ soll net traditionellen UKW-Radio ersetzen, erkläert d'Regierung](https://www.rtl.lu/news/national/dab-soll-net-traditionellen-ukw-radio-ersetzen-erklaert-dregierung-906403097)

_2026-08-22 · Headlines_

An enger parlamentarescher Fro huet d'ADR d'Kommunikatiounspolitik vun der Regierung a puncto Radiosfrequenzen a Fro gestallt.

## [Sprint live dëse Samschdeg ëm 11:55 Auer op RTL ZWEE an RTL Play: Formel 1: Grousse Präis vun Holland](https://www.rtl.lu/sport/f1/news/formel-1-grousse-prais-vun-holland-1047049705)

_2026-08-22 · Headlines_

D'F1-Rentrée huet et a sech. No der Summerpaus steet direkt ee Sprint-Weekend um Programm. D'Piloten hu wéineg Zäit, fir sech anzeschéissen, an d'Zuschauer kënnen op dräi Deeg Action hoffen.

## [D'Course live dëse Samschdeg ëm 17:55 Auer op RTL ZWEE an RTL Play: Porsche Supercup Zandvoort](https://www.rtl.lu/sport/auto-moto/news/porsche-supercup-zandvoort-1890142727)

_2026-08-22 · Headlines_

Duebele Weekend fir d'Pilote vum Porsche Supercup. Zu Zandvoort ginn um Samschdegowend an um Sonndegmoien direkt zwou Manchë vum Supercup gefuer.

## [Lëtzebuerger Futtballer am Ausland: Thill a Bohnert aus dem DFB-Pokal eliminéiert](https://www.rtl.lu/sport/futtball/news/thill-a-bohnert-aus-dem-dfb-pokal-elimineiert-649479709)

_2026-08-21 · Headlines_

Lëtzebuerger Nationalspiller waren e Freideg am däitschen DFB-Pokal wéi och an der georgescher héchster Spillklass am Asaz.

## [825 Milliounen Euro: Holland decidéiert héich Geldstrof géint Uber](https://www.rtl.lu/news/panorama/holland-decideiert-heich-geldstrof-geint-uber-1554906625)

_2026-08-21 · Headlines_

Grond dofir wiere Verstéiss géint den europäeschen Dateschutz.

## [Plainte ass deposéiert: Gemeng Manternach sicht wéinst Vandalismus zu Berbuerg no Zeien](https://www.rtl.lu/news/national/gemeng-manternach-sicht-no-vandalismus-zu-berbuerg-no-zeien-1724037623)

_2026-08-21 · Headlines_

Wéi d'Gemeng an de soziale Medie schreift, koum et an der Nuecht op e Freideg zu engem Akt vu Vandalismus zu Berbuerg.

## [Oppassen, Pickpockets!: D’Police warnt virun deels ganz professionellen Täschendéif an der Stad](https://www.rtl.lu/news/national/dpolice-warnt-virun-deels-ganz-professionellen-taschendeif-an-der-stad-1132078326)

_2026-08-21 · Headlines_

Sief et op der Schueberfouer selwer oder am Tram fir dohin. Grad elo am Gedrécks kann et ganz séier goen.

## [Deutschland Tour: 2. Etapp: Alessio Magagnotti gewënnt am Sprint, Louis Barré bleift Leader](https://www.rtl.lu/sport/velossport/news/gewennt-am-sprint-louis-barre-bleift-leader-23723595)

_2026-08-21 · Headlines_

Iwwer 197 Kilometer ass et vu Schwäbisch Hall op Offenbach an der Queich gaangen. Am Massesprint waren zwee Lëtzebuerger an der Top 20 ze fannen.

## [Max Hahn zu Situatioun a Flüchtlingstrukturen: ONA-Struktur ass eng temporär Wunnméiglechkeet a kee bezuelbare Wunnraum](https://www.rtl.lu/news/national/ona-struktur-ass-eng-temporar-wunnmeiglechkeet-a-kee-bezuelbare-wunnraum-1346986782)

_2026-08-21 · Headlines_

E puer Méint ass et hier, datt eng Struktur fir Refugiéen zu Esch huet missen zougemaach ginn, well do e Feier ausgebrach war.

## [Grousse Präis vun Holland: Den George Russell start am Sprint vun der Pole Position](https://www.rtl.lu/sport/f1/news/wie-start-am-sprint-vun-der-pole-position-1605556995)

_2026-08-21 · Headlines_

Déi bescht Startplaz am Sprint, deen e Samschdeg um 12 Auer gefuer wäert ginn, huet sech den am Sprint-Qualifying den George Russell geséchert. Säin Teamkolleeg Kimi Antonelli ass just dee Fënnefte ginn.

## [Stream Torrents & IPTV Instantly (Sponsored)](https://crawlproof.com/a/Fg04Qg7T9uUk)

_2026-08-21 · **Sponsored**_

Search magnet links and stream movies, music, books, and live TV in-browser

## [Wéinst Behuelen no WM-Finall géint Spuenien: Argentineschen Nationalspiller Leandro Paredes fir 10 Lännermatcher gespaart](https://www.rtl.lu/sport/news/argentineschen-nationalspiller-leandro-paredes-fir-10-matcher-gespaart-2139815441)

_2026-08-21 · Headlines_

Wéinst sengem Behuelen no der Defaite an der WM-Finall géint Spuenien krut den argentinesche Mëttelfeldspiller Leandro Paredes eng Spär vun 10 Lännermatcher operluecht.

## [Prozess verluer: Prënz Harry an aner Leit, déi geklot haten, mussen 9,5 Millioune Pond bezuelen](https://www.rtl.lu/news/international/prenz-harry-an-aner-leit-dei-geklot-haten-mussen-9-5-millioune-pond-bezuelen-251108578)

_2026-08-21 · Headlines_

No hirer gescheiterter Klo géint de Boulevardzeitungsverlag ANL, dee si beschëllegt haten, an hirer Recherche onlauter Methoden ze benotzen, mussen de Prënz Harry an aner Prominenter, déi geklot haten, d'Prozesskäschten elo droen.

## [Reaktiounen op den Doud vum Nicolas Strotz: E Politiker, deen no bei de Leit war](https://www.rtl.lu/news/national/e-politiker-deen-no-bei-de-leit-war-1049230859)

_2026-08-21 · Headlines_

Hie war ee volleksnoe Politiker, ee richtege Miseler, dee sech ëmmer engagéiert a fir seng Leit a seng Regioun agesat huet. Esou op d'mannst zwee vu senge Partei-Kolleegen am RTL-Interview.

## [Presuméierten Täter festgeholl: Schwäert-Ugrëff a schweedescher Schoul mat e puer Blesséierten an engem Doudesaffer](https://www.rtl.lu/news/international/schwaert-ugreff-a-schweedescher-schoul-mat-e-puer-blesseierten-1418224390)

_2026-08-21 · Headlines_

En Onbekannten huet e Freideg a Nomëtteg e puer Persoune mat engem Schwäert an enger Schoul a Schweden blesséiert.

## [Süde vu China: Zuel vun den Doudesaffer no Iwwerschwemmunge klëmmt op 159](https://www.rtl.lu/news/international/zuel-vun-den-doudesaffer-no-iwwerschwemmunge-klemmt-op-159-777377550)

_2026-08-21 · Headlines_

Bis ewell war a sech vun 39 Doudesaffer rieds gaangen.

## [Konsequenze vum Klimawandel: Zerstéierungen duerch Bëschbränn an Europa kéinte sech verdräifachen](https://www.rtl.lu/news/international/zersteierungen-duerch-beschbrann-an-europa-keinte-sech-verdraifachen-472756214)

_2026-08-21 · Headlines_

Enger Etüd no kéint sech d'Ausmooss vun der Zerstéierung duerch Bëschbränn an Europa wéinst dem Klimawandel an den nächste Joerzéngte quasi verdräifachen.

## [Groussdeel vun der Populatioun ass dofir: Éischt Hiriichtung a Japan no iwwert engem Joer](https://www.rtl.lu/news/international/eischt-hiriichtung-a-japan-no-iwwert-engem-joer-948349381)

_2026-08-21 · Headlines_

Offiziellen Zuelen no sollen am Moment ronn 100 verurteelt Persounen a Japan op d'Doudesstrof waarden.

## ["Nuechten net méi op der Strooss verbréngen": Spuenien mécht zwee Flüchtlingslager zu Ceuta op](https://www.rtl.lu/news/international/spuenien-mecht-zwee-fluchtlingslager-zu-ceuta-op-2084814057)

_2026-08-21 · Headlines_

Dräi Wochen nom Massenundrang vu Migrante wëll déi spuenesch Regierung zwou "temporär Opnamstrukturen" an der spuenescher Exklav Ceuta opmaachen.

## [Nei Attraktiounen an Iess- a Verkafsstänn: Offiziell Ouverture vun der Fouer um 17 Auer, Spiller a Stänn scho vun 12 Auer un op](https://www.rtl.lu/news/national/haut-geet-dschueberfouer-op-383891044)

_2026-08-21 · Headlines_

E Freideg verwandelt de Glacis sech nees an dat gréisst Volleksfest am Grand-Duché. D'Editioun 2026 geet vum 21. August bis den 9. September.

## [Trotz internationaler Kritik: Israel plangt weider Siidlungen am Westjordanland](https://www.rtl.lu/news/international/israel-plangt-weider-siidlungen-am-westjordanland-1766844219)

_2026-08-21 · Headlines_

Eng Friddensléisung an der Regioun géif anescht ausgesinn, sou kritiséiere vill Länner.

## [Net déi éischte Kéier: Finnland schätzt, datt russesche Fliger a finnesche Loftraum agedrongen ass](https://www.rtl.lu/news/international/finnland-schatzt-datt-russesche-fliger-a-finnesche-loftraum-agedrongen-ass-1579201899)

_2026-08-21 · Headlines_

Et gouf där Virfäll schonn e puer dëst Joer.

## [President Alexander Vucic annoncéiert: A Serbien wäert et am Oktober virgezunne Parlamentswalen ginn](https://www.rtl.lu/news/international/a-serbien-waert-et-am-oktober-virgezunne-parlamentswalen-ginn-574675275)

_2026-08-21 · Headlines_

Dat huet de President Alexander Vucic en Donneschdeg den Owend op der lokaler Telé annoncéiert.

## [Staarkt Äerdbiewen a Südamerika: Am Peru huet de Buedem mat enger Stäerkt vu 7,2 op der Skala gewackelt](https://www.rtl.lu/news/international/am-peru-huet-de-buedem-mat-enger-staerkt-vu-7-2-op-der-skala-gewackelt-865806013)

_2026-08-21 · Headlines_

No Venezuela a Kolumbien huet et elo e weidert Land a Südamerika getraff.

## [Zu Iechternach an op der A4: Dräi Blesséierter bei zwou Kollisiounen](https://www.rtl.lu/news/national/drai-blesseierter-bei-zwou-kollisiounen-645865954)

_2026-08-21 · Headlines_

De CGDIS mellt dräi Accidenter vun en Donneschdeg den Owend, bei deenen am Ganzen dräi Leit blesséiert goufen.

