# vun der (audio feeds) — RSS Amplifier

Recent posts from the 5 feeds in the RSS Amplifier directory that cover vun der.

Page: <https://rssamplifier.com/topics/vun-der/audio>  
Feed: <https://rssamplifier.com/topics/vun-der/audio.md>

---

## [Cornelius - Refractions](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608211030/episode/Cornelius-Refractions?pd=radio)

_2026-08-21 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

De japanesche Museker, Produzent Komponist Keigo Oyamada ass zanter ronn 30 Joer de Cornelius, en elektronesche Museker gepräägt vun der japanescher City Pop Kultur. Den Numm hat hien deemools un de Schimpans am originale Planet of the Apes Film vun 1968 ugeleent, a säin Duerchbrochsalbum “Fantasma” vun 1997 huet deemools Vergläicher mam Brian Wilson abruecht, esou kandlech-verspillten Tournure…

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-21%2010-30-45%20radio%20100%2C7%20Kultur%2010-30.mp3)

## [Liestipp: Kim Ho-Yeon -Jae-yeons Reise ans Meer](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608210920/episode/Liestipp-Kim-Ho-Yeon-Jae-yeons-Reise-ans-Meer?pd=radio)

_2026-08-21 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

Witzeg, sensibel, melancholesch a beréierend – esou ass den neie Roman vum südkoreanesche Schrëftsteller Kim Ho-Yeon. Dofir ass och d‘Buch "Jae-yeons Reise ans Meer" e Liestipp vum Valerija Berdi. D‘Buch ass an däitscher iwwersetzung am Hanser-Verlag erauskomm.

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-21%2009-19-02%20radio%20100%2C7%20Kultur%2009-20.mp3)

## [Patrick Goldschmidt: Invit&#233; vun der Redaktioun: Patrick Goldschmidt, 21/08/2026](https://play.rtl.lu/shows/lb/invite-vun-der-redaktioun/episodes/r/2722117)

_2026-08-21 · RTL - Invit&#233; vun der Redaktioun_

E Freideg de Moie waren ë.a. d'Schueberfouer Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

[Listen](https://rtlradio-streaming.rtl.lu/podcast/invite-vun-der-redaktioun/2026/08/21/7fee44d76230d4ca2dd127192bfe3b6a.mp3)

## ["La dernière des Wilberforce" vun der Julia Kerninon](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608201030/episode/La-derniere-des-Wilberforce-vun-der-Julia-Kerninon?pd=radio)

_2026-08-20 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

Wéi all Joer erschéngen an den nächsten dräi Wochen am Frankräich iwwer 400 Romaner – a wéi all Joer guidéiert eis de Jeff Schinker an den nächste Wochen a Méint duerch den Dschungel u Publikatiounen, verréit eis wéi eng Hypes justifiéiert sinn a wéi eng et net sinn, a stellt seng Highlights an Enttäuschunge vir. Den Ufank vun der Serie iwwer déi franséisch Rentrée littéraire mécht "La dernière…

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-20%2010-30-47%20radio%20100%2C7%20Kultur%2010-30.mp3)

## [Smartglasses](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608200920/episode/Smartglasses?pd=radio)

_2026-08-20 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

Smartglasses si Brëller, déi kleng Kameraen a Microen am Gestell hu mat deenen ee ganz einfach filmen an ophuele kann. De bekanntste Modell ass vu Meta: D‘Firma hanner Facebook, Instagram a WhatsApp. Meta gëtt elo kritiséiert, well dës Brëller ëmmer méi benotzt gi fir Leit heemlech ze filmen. Géint dës nei Tech-Gadgete gëtt et elo ëmmer méi Widderstand. D‘Claire Barthelemy bericht vu London.

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-20%2009-22-24%20radio%20100%2C7%20Kultur%2009-20.mp3)

## [Alexandra Oxacelay: Invit&#233; vun der Redaktioun: Alexandra Oxacelay, 20/08/2026](https://play.rtl.lu/shows/lb/invite-vun-der-redaktioun/episodes/r/2721423)

_2026-08-20 · RTL - Invit&#233; vun der Redaktioun_

En Donneschdeg de Moie war d'Aarmut Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

[Listen](https://rtlradio-streaming.rtl.lu/podcast/invite-vun-der-redaktioun/2026/08/20/4a2697c45b4ae4c42819c203aee6148d.mp3)

## [Ben Frin, Arthur Welter Transports](https://100komma7.lu/show/Invite-e-vum-Dag/202608200731/episode/Ben-Frin-Arthur-Welter-Transports?pd=radio)

_2026-08-20 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Invité:e vum Dag_

Mam Finanzdirekter vun der Transportfirma geet ënner anerem rieds iwwer Dieselpräis, E-Mobilitéit (am Camionsberäich) a Recrutementsproblemer.

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-20%2007-33-35%20radio%20100%2C7%20Invit%C3%A9-e%20vum%20Dag%2007-31.mp3)

## ["Angel Down" vum Daniel Kraus](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608191030/episode/Angel-Down-vum-Daniel-Kraus?pd=radio)

_2026-08-19 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

Den Pulitzer Präis fir Fiktioun ass dëst Joer un e Buch gaangen, an deem sech Krichsliteratur a Science Fiction mateneen vermëschen. Et ass dem Daniel Kraus säi Buch "Angel Down". An dat huet hien an engem eenzege Saz geschriwwen. D‘Claire Barthelemy huet et fir eis gelies.

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-19%2010-33-06%20radio%20100%2C7%20Kultur%2010-30.mp3)

## ["Transcription" vum Ben Lerner](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608190920/episode/Transcription-vum-Ben-Lerner?pd=radio)

_2026-08-19 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

Well en Handy futti fiert, kann ee Mann säin Interview net an den uerdentleche Konditioune féieren. Wat wéi ee journalisteschen Albdram kléngt, féiert am Ben Lerner sengem kuerze Roman “Transcription” zu enger poetescher Meditatioun iwwer Memoire, Identitéit an d’Archivéiere vu Wëssen an enger Zäit, an där de Smartphone dacks d'Denken an d’Stockéiere fir eis iwwerhëlt. De Jeff Schinker huet de…

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-19%2009-20-21%20radio%20100%2C7%20Kultur%2009-20.mp3)

## [Mattis No&#235;l: ACEL schl&#233;it Alarm: Ze w&#233;ineg Studente-Logementer zu L&#235;tzebuerg, 19/08/2026](https://play.rtl.lu/shows/lb/invite-vun-der-redaktioun/episodes/r/2720789)

_2026-08-19 · RTL - Invit&#233; vun der Redaktioun_

E Mëttwoch de Moie waren ënnert anerem d'Studiebäihëllefen Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

[Listen](https://rtlradio-streaming.rtl.lu/podcast/invite-vun-der-redaktioun/2026/08/19/b6e8863036b0291a44fe09cc00b3cc9e.mp3)

## [Open directory of blogs for agents (Sponsored)](https://crawlproof.com/a/0PsLZFubQIx1)

_2026-08-19 · **Sponsored**_

Submit URLs or OPML; receive feed pages with summaries, plus JSON/OPML/plain text

## [Dr. Chris Roller, President vun der AMMD](https://100komma7.lu/show/Invite-e-vum-Dag/202608190731/episode/Dr-Chris-Roller-President-vun-der-AMMD?pd=radio)

_2026-08-19 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Invité:e vum Dag_

De President vun der Associatioun vun den Dokteren an Zänndoktere reagéiert op déi neist Entwécklungen am Clinch mat Regierung a CNS.

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-19%2007-32-58%20radio%20100%2C7%20Invit%C3%A9-e%20vum%20Dag%2007-31.mp3)

## [Zum Doud vum Robbie Martzen](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608181030/episode/Zum-Doud-vum-Robbie-Martzen?pd=radio)

_2026-08-18 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

Gëschter huet eis d’Noriicht erreecht, datt de Lëtzebuerger Auteur Robbie Martzen am Alter vu 56 Joer gestuerwen ass. De Robbie Martzen huet Prosa a Lyrik an an englescher Sprooch geschriwwen. Seng Texter sinn ënner anerem an de “Cahiers luxembourgeois” an an “nos cahiers” publizéiert ginn. Hien ass reegelméisseg an England fir seng Lyrik ausgezeechent ginn, grad esou wéi ze Lëtzebuerg beim…

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-18%2010-32-17%20radio%20100%2C7%20Kultur%2010-30.mp3)

## [Liestipp: Guy Helminger - Gebäude für Breitengrade](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608180920/episode/Liestipp-Guy-Helminger-Gebaude-fur-Breitengrade?pd=radio)

_2026-08-18 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

An haut e weidere Liestipp vum Valerija Berdi. Et ass dem Guy Helminger säi Gedichtband: Gebäude für Breitengrade. D‘Buch ass am däitschen Elif-Verlag erauskomm.

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-18%2009-22-12%20radio%20100%2C7%20Kultur%2009-20.mp3)

## [Mireille Welter: Esch-Sauer soll och baussent der Touristesaison m&#233;i attraktiv ginn, 18/08/2026](https://play.rtl.lu/shows/lb/invite-vun-der-redaktioun/episodes/r/2720209)

_2026-08-18 · RTL - Invit&#233; vun der Redaktioun_

Der Buergermeeschtesch vun Esch-Sauer Mireille Welter no soll déi kulturell Offer ausgebaut ginn. Donieft gi Bëschbränn ronderëm de Stau gefaart.

[Listen](https://rtlradio-streaming.rtl.lu/podcast/invite-vun-der-redaktioun/2026/08/18/ebed435949f03025a4a09115d0369b1d.mp3)

## [Martine Deprez, CSV-Gesondheets- a Sozialministesch](https://100komma7.lu/show/Invite-e-vum-Dag/202608180731/episode/Martine-Deprez-CSV-Gesondheets-a-Sozialministesch?pd=radio)

_2026-08-18 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Invité:e vum Dag_

De Regierungsrot huet gëschter déi zwee Règlementgrand-ducallen ugeholl, déi d'Konventiounen tëschent (Zänn-)Dokteren an CNS ersetzen. Wat ännert?

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-18%2007-33-19%20radio%20100%2C7%20Invit%C3%A9-e%20vum%20Dag%2007-31.mp3)

## [Film vun der Woch: "Hen"](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608171030/episode/Film-vun-der-Woch-Hen?pd=radio)

_2026-08-17 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

E Flüchtlingsdrama erzielt aus der Perspektiv vun engem Hong. De Michel Delage an d'Vesna Andonovic hunn dësen originellen ungaresch-griichesche Film beschwat.

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-17%2010-29-49%20radio%20100%2C7%20Kultur%2010-30.mp3)

## [Den Joshua Idehen, an Neies bei de Congés annulés](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608170920/episode/Den-Joshua-Idehen-an-Neies-bei-de-Congles-annules?pd=radio)

_2026-08-17 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

Den nigerianesch-stämmege Londoner Joshua Idehen verbreet mat sengem housege World-Pop ee radikal-friddleche Message op der Bün: laizistesch, mënschlech, empathesch, an disco-fanatesch. Gëschter Owend huet de Museker live zu Bouneweg bei de Congés annulés gespillt, an dat mat engem Schotz vum Lëtzebuerger Napoleon Gold sengem Feinsten. De Marc Clement war fir eis lauschteren.

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-17%2009-19-18%20radio%20100%2C7%20Kultur%2009-20.mp3)

## [Ali Ruckert: D'B&#235;schbr&#228;nn wieren och d'Konsequenz vun enger kapitalistescher Politik, 17/08/2026](https://play.rtl.lu/shows/lb/invite-vun-der-redaktioun/episodes/r/2719599)

_2026-08-17 · RTL - Invit&#233; vun der Redaktioun_

E Méindeg de Moie war ënnert anerem dem Ali Ruckert säi Récktrëtt als President vun der KPL Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

[Listen](https://rtlradio-streaming.rtl.lu/podcast/invite-vun-der-redaktioun/2026/08/17/75011c503eb12703782b6279025a59b0.mp3)

## [Claude Mangen, Ex-Direkter vum Mierscher Theater](https://100komma7.lu/show/Invite-e-vum-Dag/202608170731/episode/Claude-Mangen-Ex-Direkter-vum-Mierscher-Theater?pd=radio)

_2026-08-17 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Invité:e vum Dag_

No bal 8 Joer un der Spëtzt vum Mierscher Theater ass de Claude Mangen den 1. August a Pensioun gaang. Wéi gesäit hien d'Roll an d'Zukunft vun de regionale Kulturhaiser?

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-17%2007-33-06%20radio%20100%2C7%20Invit%C3%A9-e%20vum%20Dag%2007-31.mp3)

## [Liestipp: "Dans la jungle" vun der Adeline Dieudonné](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608141030/episode/Liestipp-Dans-la-jungle-vun-der-Adeline-Dieudonne?pd=radio)

_2026-08-14 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

An der Adeline Dieudonné hirem véierte Roman "Dans la jungle" erfuerscht d’Belsch Schrëftstellerin eng toxesch Bezéiung, déi tragesch endegt. De Jeff Schinker huet de Roman gelies, a verréit, wisou de Roman sech, trotz senger Donkelheet, wéi ee spannende Thriller liest.

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-14%2010-30-58%20radio%20100%2C7%20Kultur%2010-30.mp3)

## [Real SIMs for AI Agents (Sponsored)](https://crawlproof.com/a/JKonyFrgejVn)

_2026-08-14 · **Sponsored**_

Pass 2FA and verifications with real carrier numbers via our API.

## [Filmkritik: "The Last House" (Netflix)](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608140920/episode/Filmkritik-The-Last-House-Netflix?pd=radio)

_2026-08-14 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

Den amerikaneschen Horror-Survival-Thriller "The Last House" setzt eng Famill an Zeen, déi wärend engem forcéierte Confinement zolitt op d'Prouf gestallt. De Michel Delage mat enger Kritik vun dësem Netflix-Film.

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-14%2009-20-36%20radio%20100%2C7%20Kultur%2009-20.mp3)

## [Tom Turping: Kommunikatioun zu L&#235;tzebuerg: "KI ass keng Moud. KI w&#228;ert bleiwen", 14/08/2026](https://play.rtl.lu/shows/lb/invite-vun-der-redaktioun/episodes/r/2718449)

_2026-08-14 · RTL - Invit&#233; vun der Redaktioun_

En Donneschdeg de Moie war de Marketing- a Kommunikatiounssecteur Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

[Listen](https://rtlradio-streaming.rtl.lu/podcast/invite-vun-der-redaktioun/2026/08/14/9a231c5100a9c8bdf71d60dbc91fe6c7.mp3)

## [Luc Emering, Vizepresident vun der Chamber-Ëmweltkommissioun](https://100komma7.lu/show/Invite-e-vum-Dag/202608140731/episode/Luc-Emering-Vizepresident-vun-der-Chamber-Emweltkommissioun?pd=radio)

_2026-08-14 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Invité:e vum Dag_

Geet et mat der aktueller Klimapolitik vun der Regierung duer, oder mussen CSV an DP méi ambitiéis ginn? Déi Fro stelle mir dem DP-Deputéierten, deen als Bauer d'Auswierkunge vun Hëtzt an Dréchent un éischter Front erlieft.

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-14%2007-33-14%20radio%20100%2C7%20Invit%C3%A9-e%20vum%20Dag%2007-31.mp3)

## [Liestipp: "Famesick" vun der Lena Dunham](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608131030/episode/Liestipp-Famesick-vun-der-Lena-Dunham?pd=radio)

_2026-08-13 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

D'Lena Dunham hat immens Erfolleg mat hirer Serie "Girls", an där si d'Liewe vu jonke Fraen zu New York an den 2010er Joren duergestallt hat. Ganz ongefiltert ass et hei ëm Relatiounen, Sex, Aarbecht a Famill gaangen. Wéi et awer hanner de Kulissen ausgesäit, wann ee jonke Mënsch esou séier berüümt gëtt an dann och nach mat chronesche Krankheeten ze kämpfen huet, dat beschreift d'Lena Dunham an…

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-13%2010-31-51%20radio%20100%2C7%20Kultur%2010-30.mp3)

## [Liestipp: Birgit Bachmann – "Ein Samstag im August"](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608130920/episode/Liestipp-Birgit-Bachmann-ein-Samstag-im-August?pd=radio)

_2026-08-13 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

Datt Familljen net just eng Plaz vu Sécherheet, Léift a Zesummenhalt sinn, dierft gewosst sinn. Déi däitsch Schrëftstellerin Birgit Bachmann stellt an hirem Debut-Roman "Ein Samstag im August" eng ganz Rei Persoune vir, déi duerch familiär Liene matenee verbonne sinn. Queesch duerch Generatioune weist d‘Autorin op Geheimnisser, Suergen, Dreem a Verbatterung hin, an datt Famill alles ka sinn. Op…

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-13%2009-19-52%20radio%20100%2C7%20Kultur%2009-20.mp3)

## [Bernard Thill: "Aarmut ass keng Schan, m&#228; et ass eng Schan, sech net &#235;m aarm Leit ze k&#235;mmeren", 13/08/2026](https://play.rtl.lu/shows/lb/invite-vun-der-redaktioun/episodes/r/2717855)

_2026-08-13 · RTL - Invit&#233; vun der Redaktioun_

En Donneschdeg de Moie war d'Gesondheetsversuergung Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

[Listen](https://rtlradio-streaming.rtl.lu/podcast/invite-vun-der-redaktioun/2026/08/13/e86342807c7b91c1e28e886d3c9713f8.mp3)

## [Carlos Pereira (OGBL), Member vum CNS-Verwaltungsrot](https://100komma7.lu/show/Invite-e-vum-Dag/202608130731/episode/Carlos-Pereira-OGBL-Member-vum-CNS-Verwaltungsrot?pd=radio)

_2026-08-13 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Invité:e vum Dag_

Wéi reagéieren d'Salariatsvertrieder an der Gesondheetskeess op d'Ukënnegung vun der AMMD, keng nei Konventioun mat der CNS wëllen ze ënnerschreiwen?

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-13%2007-32-56%20radio%20100%2C7%20Invit%C3%A9-e%20vum%20Dag%2007-31.mp3)

## [Eng Woch Stuerm](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608121030/episode/Eng-Woch-Stuerm?pd=radio)

_2026-08-12 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

"Eng Woch Stuerm" passéiert, wann de Gudde Wëllen an der Helleggeescht Gaass dem Label Two Steps Twice de Schlëssel fir eng Woch gëtt a seet: "Maacht wat dir wëllt". Wat si wëllen, ass Panels iwwer Filmsynic, Songwriting-Workshops, Echangen iwwer Film, Musek an hire Marketing, an natierlech ee Concert an eng House-Party. Reportage vum Marc Clement um vum Freiden den Owend, kuerz viru Schluss vun…

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-12%2010-33-13%20radio%20100%2C7%20Kultur%2010-30.mp3)

## [Slow Fiction - Dollhouse](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608120920/episode/Slow-Fiction-Dollhouse?pd=radio)

_2026-08-12 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

E Poppenhaus ass eng kleng Welt, déi ee kontrolléiert. schützt, an agencéiert wéi ee wëllt. Mee och eppes Fragilles. Op "Dollhouse" gesi Slow Fiction eist Privatliewen als esou eng Welt a beschreiwe, wat passéiert, wann d'Baussewelt sech net méi ofwiere léisst.

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-12%2009-19-36%20radio%20100%2C7%20Kultur%2009-20.mp3)

## [Jos&#233;e Lorsch&#233;: "Ech gesi Politik elo net just als Konkurrenzkampf", 12/08/2026](https://play.rtl.lu/shows/lb/invite-vun-der-redaktioun/episodes/r/2717269)

_2026-08-12 · RTL - Invit&#233; vun der Redaktioun_

E Mëttwoch de Moie war d'Josée Lorsché als nei Deputéiert Invitée an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

[Listen](https://rtlradio-streaming.rtl.lu/podcast/invite-vun-der-redaktioun/2026/08/12/053663c694bddc0dad4103340d2aca84.mp3)

## [Refer a Friend, Earn Rewards (Sponsored)](https://crawlproof.com/a/ZWX9bUe0wQNE)

_2026-08-12 · **Sponsored**_

Earn rewards when friends get the Graphite Business Card through your referral.

## [Paul Galles (CSV), President vun der Chamber-Ëmweltkommissioun](https://100komma7.lu/show/Invite-e-vum-Dag/202608120731/episode/Paul-Galles-CSV-President-vun-der-Chamber-Emweltkommissioun?pd=radio)

_2026-08-12 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Invité:e vum Dag_

Ass de Summer, dee mir grad erliewen, dat bescht Argument fir eng méi konsequent Klimapolitik? Dat hu mir den CSV-Politiker gefrot.

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-12%2007-33-42%20radio%20100%2C7%20Invit%C3%A9-e%20vum%20Dag%2007-31.mp3)

## [Nei am Kino](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608111030/episode/Nei-am-Kino?pd=radio)

_2026-08-11 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-11%2010-30-22%20radio%20100%2C7%20Kultur%2010-30.mp3)

## [Liestipp: Anne Weber - Annette, ein Heldinnenepos](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608110920/episode/Liestipp-Anne-Weber-Annette-ein-Heldinnenepos?pd=radio)

_2026-08-11 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

Am Moment ass d‘Verfilmung vum Homer senger “Odyssee” e grousse Sujet. D‘Valerija Berdi huet Iech eng ganz aner Helden-, oder besser gesot Heldinnen-Geschicht ze proposéieren. Kee Film, mee e Buch. Der däitscher Schrëftstellerin Anne Weber hiert Wierk: "Annette, ein Heldinnenepos". Eng Odyssee vun enger anerer Zort. D'Buch koum am Verlag Matthes & Seitz eraus.

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-11%2009-19-19%20radio%20100%2C7%20Kultur%2009-20.mp3)

## [Marc Lauer: Alter vun der Populatioun, Technologien, &#196;erderwiermung an "Infrastrukturkris", 11/08/2026](https://play.rtl.lu/shows/lb/invite-vun-der-redaktioun/episodes/r/2716677)

_2026-08-11 · RTL - Invit&#233; vun der Redaktioun_

En Dënschdeg de Moie war de Sozialdialog Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

[Listen](https://rtlradio-streaming.rtl.lu/podcast/invite-vun-der-redaktioun/2026/08/11/000cbc3e1fbc71dc6765710d17fcea99.mp3)

## [Michel Leytem, Direkter vun der ANF](https://100komma7.lu/show/Invite-e-vum-Dag/202608110731/episode/Michel-Leytem-Direkter-vun-der-ANF?pd=radio)

_2026-08-11 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Invité:e vum Dag_

Wéi vill Schued maachen Hëtzt an Dréchent am Lëtzebuerger Bësch? Froen un de Chef vun der Natur- a Bëschverwaltung.

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-11%2007-32-57%20radio%20100%2C7%20Invit%C3%A9-e%20vum%20Dag%2007-31.mp3)

## [Film vun der Woch: "Father"](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608101030/episode/Film-vun-der-Woch-Father?pd=radio)

_2026-08-10 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

E slowakesche Familljendrama iwwer Schold a Responsabilitéit, beschwat vum Michel Delage a Vesna Andonovic.

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-10%2010-31-25%20radio%20100%2C7%20Kultur%2010-30.mp3)

## [Programm vun der Saison 2026/2027 vum CAPE Ettelbréck](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608100920/episode/Programm-vun-der-Saison-2026-2027-vum-CAPE-Ettelbreck?pd=radio)

_2026-08-10 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

Ganz vill Variatioun, esou kann een d’Saison 2026/2027 vum Centre des arts pluriels vun Ettelbréck iwwerschreiwen. An dobäi gëtt op en Neits fir déi nächst Saison ganz vill op “Community and Participation” gesat. Ganz vill Variatioun wëllt heeschen, datt Kreatiounen a Co-Produktiounen um Programm stinn a Variatioun heescht awer och, datt Spektakelen a véier Sproochen ugebuede ginn: Franséisch,…

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-10%2009-17-29%20radio%20100%2C7%20Kultur%2009-20.mp3)

## [Gast Gib&#233;ryen: De Putin wier een "Diktator", ma et misst een awer mat him schw&#228;tzen, 10/08/2026](https://play.rtl.lu/shows/lb/invite-vun-der-redaktioun/episodes/r/2716095)

_2026-08-10 · RTL - Invit&#233; vun der Redaktioun_

E Méindeg de Moie war d'Aarbecht vun der CSV-DP-Regierung Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

[Listen](https://rtlradio-streaming.rtl.lu/podcast/invite-vun-der-redaktioun/2026/08/10/931782130feb50bcc0302bc8ac5dc5f2.mp3)

## [Serge Legil, Generaldirekter vun der Prisongsverwaltung](https://100komma7.lu/show/Invite-e-vum-Dag/202608100731/episode/Serge-Legil-Generaldirekter-vun-der-Prisongsverwaltung?pd=radio)

_2026-08-10 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Invité:e vum Dag_

D'Zuel vun de Prisonnéier ass an der Lescht staark gewuess. Mir froen no, ob geschwë schonn nees en neie Prisong muss gebaut ginn.

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-10%2007-33-42%20radio%20100%2C7%20Invit%C3%A9-e%20vum%20Dag%2007-31.mp3)

## [Lëtzebuerger Fotografen haten de Sujet Tourismus scho fréi am Viséier](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608071030/episode/Letzebuerger-Fotografen-haten-de-Sujet-Tourismus-scho-frei-am-Viseier?pd=radio)

_2026-08-07 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

D’Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg versuergt eng 7 Millioune Fotoen an Negativen, déi tëschent 1855 an haut gemaach goufen. Dat mam Zil, d’Evolutioun vun der Stad, hiren Awunner:innen an Evenementer dokumentéieren ze kënnen. Fir hir Schätz mat der Ëffentlechkeet ze deelen, organiséiert d’Ekipp vun der Fotothéik am Summer traditionell eng Expo am Ratskeller vum Cercle Cité. “More than a postcard”…

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-07%2010-30-54%20radio%20100%2C7%20Kultur%2010-30.mp3)

## [Concertsrapport: Deadletter](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608070920/episode/Concertsrapport-Deadletter?pd=radio)

_2026-08-07 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

Deadletter sinn eng brittesch Post-Punk-Band, gegrënnt 2020, a bekannt fir hiren düstere, sarkasteschen a komescherweis danzbare Sound mat dreiwendem Saxofon a messerschaarfe Gittaren. Gëschter hu si op de Congés annulés an de Rotonden ee laang erwaarten, well schonn eemol verluechte, Concert gespillt. De Marc Clement war lauschteren a kucken.

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-07%2009-22-20%20radio%20100%2C7%20Kultur%2009-20.mp3)

## [Serge Legil: M&#233;i Prison&#233;ier, dor&#235;nner d&#228;itlech m&#233;i aus dem Maghreb, 07/08/2026](https://play.rtl.lu/shows/lb/invite-vun-der-redaktioun/episodes/r/2714979)

_2026-08-07 · RTL - Invit&#233; vun der Redaktioun_

E Freideg de Moie war de Lëtzebuerger Prisongssystem Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

[Listen](https://rtlradio-streaming.rtl.lu/podcast/invite-vun-der-redaktioun/2026/08/07/cfc3b5a8dff63d3a8f35396dd414dfbb.mp3)

## [Pascal Steichen, Direkter vum House of Cybersecurity](https://100komma7.lu/show/Invite-e-vum-Dag/202608070731/episode/Pascal-Steichen-Direkter-vum-House-of-Cybersecurity?pd=radio)

_2026-08-07 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Invité:e vum Dag_

Direkt e puer Lëtzebuerger Institutioune waren zënter dem Ufank vun der Summervakanz vu Cyberattacke betraff. Ass dat Zoufall? Mir froen de CEO vum House of Cybersecurity.

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-07%2007-33-11%20radio%20100%2C7%20Invit%C3%A9-e%20vum%20Dag%2007-31.mp3)

## [Elise Schmit – "Allgemeine Zweifel am weiteren Verlauf"](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608061030/episode/Elise-Schmit-Allgemeine-Zweifel-am-weiteren-Verlauf?pd=radio)

_2026-08-06 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

Sechs plus eng Erzielungen, déi all eenzel d‘Lieser:innen an de Bann zéien – déi huet d‘Elise Schmit ënner dem Titel “Allgemeine Zweifel am weiteren Verlauf“ erausbruecht. De Recueil koum am Luchterhand-Verlag eraus an ass e Liestipp vum Valerija Berdi.

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-06-KUL-10-30-vb-Liestipp-%20Elise%20Schmit-%20Allgemeine%20Zweifel.mp3)

## [Marc Hans, Direkter vun der Waasserverwaltung](https://100komma7.lu/show/Invite-e-vum-Dag/202608060731/episode/Marc-Hans-Direkter-vun-der-Waasserverwaltung?pd=radio)

_2026-08-06 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Invité:e vum Dag_

Wéi een Impakt huet d'Dréchent op d'Drénkwaasserversuergung? Dat froe mir de Chef vun der zoustänneger Verwaltung.

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-06%2007-32-24%20radio%20100%2C7%20Invit%C3%A9-e%20vum%20Dag%2007-31.mp3)

## [La Concierge als Kuratorenteam fir déi sechst Triennale Jeune Création](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608051030/episode/La-Concierge-als-Kuratorenteam-fir-di-sechst-Triennale-Jeune-Creation?pd=radio)

_2026-08-05 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

Zanter dem Kulturjoer 2007, an also zanter hiren Ufäng, presentéiert d’Ekipp vun de Rotonden d’Triennale Jeune Création: dëst als Plattform fir nei Kënschtlergeneratioune vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun. Bis Enn August gëtt momentan déi 6. Triennale ënner dem Titel “Common Ground” an de Rotondë gewisen. D’Curatioun hunn déi Kéier net Perséinlechkeete vu bekannte Kulturinstitutiounen…

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-05%2010-31-38%20radio%20100%2C7%20Kultur%2010-30.mp3)

## [Living by the Rule: Contemporary meets Medieval am Sainsbury Center Norwich](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608050920/episode/Living-by-the-Rule-Contemporary-meets-Medieval-am-Sainsbury-center-Norwi?pd=radio)

_2026-08-05 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

Wellbeing, Work-Life-Balance, iwwer de Sënn vun der Existenz meditéieren … dat kléngt no aktuellen Trendsujeten. Mee se schéngen och am Mëttelalter schonn eng wichteg Roll gespillt ze hunn: eis London-Korrespondentin Marie Billon war d’Expo "Living by the Rule: Contemporary meets Medieval" am Sainsbury Center Norwich, also am Oste vun England, kucken.

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-05%2009-18-46%20radio%20100%2C7%20Kultur%2009-20.mp3)

## [Josée Kirps, Direktesch vun de Nationalarchiven](https://100komma7.lu/show/Invite-e-vum-Dag/202608050731/episode/Josee-Kirps-Direktesch-vun-de-Nationalarchiven?pd=radio)

_2026-08-05 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Invité:e vum Dag_

D'Nationalarchive sinn amgaangen op de Belval ze plënneren. Mir froen d'Direktesch, ob si d'Plënneraktioun nach ofgeschloss kritt, éier si am November an d'Pensioun geet.

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-05%2007-34-17%20radio%20100%2C7%20Invit%C3%A9-e%20vum%20Dag%2007-31.mp3)

## [Monika Helfer: En Noruff](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608041030/episode/Monika-Helfer-En-Noruff?pd=radio)

_2026-08-04 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

Déi éisträichesch Schrëftstellerin Monika Helfer ass leschte Sonndeg, 2.8., onerwaart am Alter vun 78 Joer gestuerwen. Hire Roman "Die Bagage", deen 2020 am Hanser-Verlag publizéiert gouf, ass den éischten Deel vun hirer Familljentrilogie, dee mat sëllege Literaturpräisser ausgezeechent gouf an déi däitschsproocheg Géigewaartsliteratur gepräägt huet. D’Valerija Berdi mat engem Portrait.

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-04%2010-31-11%20radio%20100%2C7%20Kultur%2010-30.mp3)

## [Nei am Kino](https://100komma7.lu/show/Kultur/202608040920/episode/Nei-am-Kino?pd=radio)

_2026-08-04 · podcast@100komma7.lu (radio 100,7) · Kultur_

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage

[Listen](https://100komma7.lu/digas-import/radio/recordings/2026-08-04%2009-23-54%20radio%20100%2C7%20Kultur%2009-20.mp3)

