# dee mam (audio feeds) — RSS Amplifier

Recent posts from the 1 feeds in the RSS Amplifier directory that cover dee mam.

Page: <https://rssamplifier.com/topics/dee-mam/audio>  
Feed: <https://rssamplifier.com/topics/dee-mam/audio.md>

---

## [#188 Dee mam Yannick (Nummer Zwee)](https://soundcloud.com/user-60712074/yannickianelli-07-08-26-00)

_2026-08-09 · Paus._

Haut an der "Summerpaus." geet et breetgefächert quer durch den Garten mat enger Instanz, enger Ikon, enger gudder Maus: De Yannick kläert zesumme mat ärem Liblingspodcast net just d'Ierfschaftsreihefolg an analyséiert (méi oder manner) berüümte Wunnengen, mee liwwert och den "hot priest II" a beschwätzt popkulturell Polemiken (en Hënner, e Rack, e Schung). Tëscht "Scary Movie"-Enttäuschungen, der…

[Listen](https://feeds.soundcloud.com/stream/2377588616-user-60712074-yannickianelli-07-08-26-00.mp3)

## [#187 Dee mam Jordi](https://soundcloud.com/user-60712074/dee-mam-jordi)

_2026-07-25 · Paus._

Hey hey! An der éischter "Summerpaus." kënnt de Springinsfeld an "Early Bird" Jordi Wagner (méi oder manner) zu Wuert: Dem Yannick säin Jet Set-Reespartner verréit eis, ob et him am Äishockey-Stadion wierklech net kal war, ob hien d'"No Angels" kennt a wien d'Urgestein vum cinematic content zu Lëtzebuerg ass. Ausserdeem gi mir gewuer, wat et mat der "Dubai Sekte" op sech huet, wéi eng Serien seng…

[Listen](https://feeds.soundcloud.com/stream/2365672748-user-60712074-dee-mam-jordi.mp3)

## [#186 Dee mam melancholeschen Tennis](https://soundcloud.com/user-60712074/ok-2)

_2026-07-12 · Paus._

Dës Episod ass fir d'Küken, déi d'Nascht verloossen a fir all d'Lackéierer a Lisas! Mir waren eenzel zesummen op engem Concert, erënneren eis un d'eege Schoulzäit a léien emol net am Noutfall. Et gëtt iwwer "Confessions II" an "Heated Rivalry II", den "Toxic Seventy-one" a pedagogesch (In-)Kompetenz geschwat. Haut ginn et och hot priests a sexy Mäerder, de Baby Reindeer-Mann an de Billy…

[Listen](https://feeds.soundcloud.com/stream/2358397967-user-60712074-ok-2.mp3)

## [#185 Dee mat de Stitzercher](https://soundcloud.com/user-60712074/185-dee-mat-de-stitzecher)

_2026-06-27 · Paus._

Haut fille mir eis, ewéi wa mir an e Fön eragetrëppelt wären, ruffe "Vive de Guy" a sangen de komplette "Body Talk"-Album – lowkey vision. Ee vun eis kritt vläicht eng Kaz oder gëtt bestuet, deen aneren ass eng Seriefigur aus den 2000er. Nieft ale Mediemänner a séisse Marketingmausis geet et haut nach ëm en Exhibitionist am Bësch, Police-Probleemer wéinst de "Francopholies" an ein Orakel namens…

[Listen](https://feeds.soundcloud.com/stream/2347619939-user-60712074-185-dee-mat-de-stitzecher.mp3)

## [#184 Dee mat de Lëtzebuergays](https://soundcloud.com/user-60712074/ohne-namen-13-06-26-23-10)

_2026-06-14 · Paus._

Et ass Pride Month an dofir gëtt haut Scheet/d zerwéiert. Mir sinn NRW fir iech mat an d'Boot vum Puls der Zeit ze huelen! Et geet haut zwar net em Leni Riefenstahl-Remakes oder "Muriel's Wedding", dofir awer ëm eng Pressekonferenz fir Millennials (Thema: vocal stims), onreguléiert Emotioune bei der Männer-Fussball-WM a MyGuichet.lu-hate. Tëscht Gebuertsdagskaddoen, Generatiounskonflikter a…

[Listen](https://feeds.soundcloud.com/stream/2338857548-user-60712074-ohne-namen-13-06-26-23-10.mp3)

## [#183 Dee mam Mord vum Cédric](https://soundcloud.com/user-60712074/dee-mat-der-proff-haassen)

_2026-05-30 · Paus._

Zeréck aus dem prollegen Zürich an aus der Privatklinik sinn d'Heidi an d'Clara aus der Podcastwelt nees fir iech do – natierlech audio only! Ee vun eis war am "Boy Aquarium", deen aneren am Video vum ING-Marathon. Tëscht häerzege Serie-Pappen an underrated 90's Girlgroups geet et an dëser Folg ëm den 2. Agenda, de Lavalott an Empörung an der oppener Schwemm. Vläicht schreiwe mir haut e klengen…

[Listen](https://feeds.soundcloud.com/stream/2329670969-user-60712074-dee-mat-der-proff-haassen.mp3)

## [#182 Dee mat der Botox-Fee](https://soundcloud.com/user-60712074/le-journal-de-jil)

_2026-05-16 · Paus._

Berouegt iech emol alleguer! Haut gëtt vun ënnen erop geschwat an am selwechte Boot bis zum Muskelkater geruddert. Tëscht Aluhut-Fashion a gekréngeltem Graffiti spille mir Polo an Argentinien, hunn eng faszinéierend Maschinn op eis Wonschlëscht geschriwwen a liesen aus eisem geheime Journal vir. Et dierf een zwar näischt méi soen, mee Plaz fir psychologesch Studie bleift ëmmer – haut ënner anerem…

[Listen](https://feeds.soundcloud.com/stream/2321031842-user-60712074-le-journal-de-jil.mp3)

## [#181 Dee mam maale Rosalía](https://soundcloud.com/user-60712074/maal-rosalia-review)

_2026-05-02 · Paus._

Ugestach an opgestëppelt gëtt et haut eng Episod, déi zweemol opgeholl gouf. Den Hangryman an d'Fra ouni Zäitmanagement hunn hiert Häerz an déi richteg Bunn gelenkt a liwwere one sided beef mam nationale Radio, Kölner (méi oder manner) Promis, e mäerderesche Buchtipp an e Powernap op der Wildwasserbahn. Den Dresscode ass "Kommioun", mee och "Nuesschnappech an Zwier", d'Theme schwanken tëschent…

[Listen](https://feeds.soundcloud.com/stream/2313215180-user-60712074-maal-rosalia-review.mp3)

## [#180 Dee mam (feelende) Schummen](https://soundcloud.com/user-60712074/schummen_new)

_2026-04-18 · Paus._

Et ass net all Dag Kiermes, och wa Kuch gebak gëtt – är "Witches of Eastwick" sinn haut vreckt am Fréijoer, mee trotzdeem fir iech do! Wann dës Episod e Film wär, géing en zimmlech sécher "The Fast and the Furious – Tokyo Ofdrift" heeschen. Maacht iech also prett fir Themespréng vu "Coachella" bis Militärmusik. Ënner anerem geet et ëm d'Weltrettung duerch d'Zara Larsson, d'Reallife-"Kimmy…

[Listen](https://feeds.soundcloud.com/stream/2304999200-user-60712074-schummen_new.mp3)

## [Find what they just said (Sponsored)](https://crawlproof.com/a/gI2i4rWG8KRN)

_2026-04-18 · **Sponsored**_

Surface recent public signals so you can send policy-aware, relevant outreach

## [#179 Dee mat der Clientskaart am "RITUALS"](https://soundcloud.com/user-60712074/vendeuse-rituals)

_2026-04-04 · Paus._

At the end of the day... ass dëse Podcast eng gemeinsam Evolutioun – dat hunn d'lëtzebuergescht Winona Ryder a Julia Roberts an der Ouschter-Episod erausfonnt a ginn dofir eppes un d'Gesellschaft zeréck: déi beschten Hondsnimm, eng sënnvoll Petitioun an Hëllef bei engem laang iwwerfällege Rebranding: Männer! E puer Gudder hu mir och scho mat am Gepäck: den Tino Marino, de Jean Jujarin, den Hugo…

[Listen](https://feeds.soundcloud.com/stream/2296020662-user-60712074-vendeuse-rituals.mp3)

