RSS Amplifier

Podcast

Speakeasy Podcast

Fir all Är philosophesch Froen...

soundcloud.comSource feed ↗10 episodes

Live Last read · last published · next check

Latest episodes

Saves to your Listen queue, to pick up on another day or another device.

Nohalteg liewen ouni Kompromesser?

Ass e gutt Liewen mat Ëmweltschutz iwwerhaapt ze vereenen? Den Thomas Koenig schwätzt mam Thomas Steinmann vum Mouvement Écologique Lëtzebuerg iwwer nohaltege Konsum – ouni moralesch Zeigefanger, mee mat éierlechen Äntwerten op Froen, déi eis alleguer betreffen. An dëser Episod: - Kënne mir iwwerhaapt ëmweltfrëndlech konsuméieren? - Kënne mir Labelen wierklech vertrauen? - Firwat ass nohaltege…

Play

10 Joer Zentrum fir politesch Bildung

10 Joer Zentrum fir politesch Bildung – Wat huet sech wierklech verännert? Zënter engem Joerzéngt setzt sech den ZpB fir Demokratie a politesch Bildung zu Lëtzebuerg an. Mee wat huet den ZpB an där Zäit konkret erreecht? Wéi eng Erausfuerderunge hu si missen meeschteren? A firwat genderen si, obwuel si sech als politesch neutral gesinn? An dësem Interview schwätze mir iwwer Erfolleger, Kritik,…

Play

D'Kris am Noen Osten

Ech interviewen den RTL-Journalist Petz Bartz iwwert d’Kris am Noen Osten. Firwat hunn d’USA an Israel den Iran ugegraff? Wat huet di Attack getriggert? Wéi gëtt se gerechtfertegt? Wee profitéiert vun dem Krich? Hunn d’USA dobäi en Selbstgoal kasséiert? A wéisou sinn esou Saachen iwwerhaapt méiglech? Dat sinn alles Themen, di ech mam Petz Bartz diskutéieren.

Play

Darf man der Täter gedenken?

Warum gibt es einen deutschen Soldatenfriedhof in Sandweiler nahe Luxemburg-Stadt? Weshalb hat Luxemburg ihn nach 1945 zugelassen – und wer ist heute für ihn verantwortlich? Wie gedenkt man Soldaten, die für das nationalsozialistische Deutschland kämpften? Und kann man um Gefallene trauern, ohne das Regime zu relativieren, dem sie dienten? Über diese und weitere Fragen spreche ich mit Diane…

Play

En Ausbléck op 2026 mam Petz Bartz

En Ausbléck op 2026 mam Petz Bartz Wat ginn di wichtegst Events vun 2026? Ech hunn den Journalist Petz Bartz getraff, fir mat him ze kucken, op wat dëst Joer sollt/kéint oder misst oppassen. E puer Stonnen virdrun ass en Diktator entfouert ginn, wat da schonn an di relevant Kategorie kéint falen. Am Gespréich war et op alle Fall en Thema.

Play

Opfer oder Täter?

Opfer oder Täter? – Wann Moral op Gehorsam trefft… Wann ech an enger Diktatur opwuessen, do endoktrinéiert ginn, an duerno schrecklech Verbriechen am Numm vu mengem Diktator beginn – weem seng Schold ass dat dann? Sinn ech en Opfer vum System – oder trotzdeem verantwortlech fir dat, wat ech gemaach hunn? Kann een sech mat „Ech hunn just Befeeler ausgefouert“ aus der Affär zéien? A wéini ziele mir…

Play

Den Lustgarten - botanescht Symbol vum Klassekampf?

Exotesch Planzen, komplex Waasserfäll, romantesch Landschaften – den Lustgarten ass eng Spillplaz vir den selbstbewossten Räichen, dee weisen wëll, ween di décksten Palm am Gaart huet. Mee den “parc municipal”, deen fir all Mënsch do ass, ass och vläicht just Beschäftegungsthérapie fir den Pöbel…Wat stécht hannert der Loscht um Spazéieren, den groussen Stadt-Parken, den deieren Privat-Gäert? Méi…

Play

D'Idée vu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg – e Land, eng Stad, eng (auslännesch) Provënz... oder just eng Iddi? Firwat hu mir e Nationalfeierdag – an net einfach en "Dag vum Siegfried" oder "Dag vum Caesar"? Wéini gëtt eng Iddie zum Fakt? A wien huet iwwerhaapt entscheet, datt mir eng Natioun sinn? Mam Historiker Pit Peporte sichen ech no de Wuerzelen vun eiser Nationalerzielung. Hei den Link zum "À propos"…

Play

Haut stierft de Bambi - Äddi a Merci #15

Wat passéiert mam Jeeër, wann hien en Déier ëmbréngt ? Wéisou mécht een dat ? Wat fillt een dobäi? A wéi een Bléck huet den Jeeër op seng Beute? An der Episod 15 vun der Serie „Äddi a Merci – e Liewen mam Doud“ schwätze mer mam Ryan Shepherd iwwert säin déidlechen Hobby.

Play

Where's the money, Kohnen? - Triple K #01

Where's the money, Kohnen? Wéisou si mer net all scho laang ultra-räich? Trotz Zënsen, Kapital a Spuerbuch ginn et nach ëmmer Armer a Räicher. Déi Räich ginn ëmmer méi räich – an déi Aarm ëmmer méi vill. Dobäi sinn eis Gesellschaften nach ni esou produktiv gewiescht, an de weltwäite Räichtum war nach ni esou grouss wéi haut. Wat leeft schief? Oder wat hu mir net verstanen? Haut geet de Philosoph…

Play