RSS Amplifier

News source

International

International

rtl.luSource feed ↗20 articles

Live Last read · last published · next check

Latest articles

Prozess verluer: Prënz Harry an aner Leit, déi geklot haten, mussen 9,5 Millioune Pond bezuelen

No hirer gescheiterter Klo géint de Boulevardzeitungsverlag ANL, dee si beschëllegt haten, an hirer Recherche onlauter Methoden ze benotzen, mussen de Prënz Harry an aner Prominenter, déi geklot haten, d'Prozesskäschten elo droen.

Presuméierten Täter festgeholl: Schwäert-Ugrëff a schweedescher Schoul mat e puer Blesséierten an engem Doudesaffer

En Onbekannten huet e Freideg a Nomëtteg e puer Persoune mat engem Schwäert an enger Schoul a Schweden blesséiert.

USA: Schroe Reen iwwerschwemmt Subway Statiounen zu New York

En Donneschdeg den Owend gouf New York an déi sougenannten Tri-State-Area ronderëm d'Milliounemetropol vu staarkem Reen iwwerrascht.

UNO: Iwwer 2.500 Doudesfäll bei Ebola-Epidemie an der DR Kongo

Den Ebola-Ausbroch am Kongo war de 15. Mee offiziell festgestallt ginn, warscheinlech hat sech de Virus deemools awer scho wochelaang verbreet.

Schwäiz: Fënnef Vermësster an 19 Blesséierter bei zwee Bränn an Appartementshaiser

An der Schwäiz goufe bei zwee Bränn an Appartementshaiser 19 Leit blesséiert. No engem vun de Bränn ginn nach fënnef Leit vermësst.

Bëschbränn fréizäiteg erkennen: Griicheland schützt historesch Sitte mat modernem Feiermeldesystem

Den neie Mechanismus gouf scho mat Succès bei der Akropolis vu Mykene getest ginn. Enn August solle sechs nei Systemer a Betrib geholl ginn.

US-Bundesstaat Alaska: Aacht Passagéier no Fligerongléck gestuerwen

Et huet keen iwwerlieft, wéi den Alaska-Kommando vum US-Militär matdeelt.

Eng Woch laang hat et gebrannt: Bëschbrand am däitschen Hürtgenwald komplett geläscht

De bis ewell gréisste Bëschbrand vun dësem Summer an Däitschland ass elo ganz geläscht.

A Verbindung mat Russland: Zu Berlin gouf zejoert e geheime Waffendepot entdeckt

D'Sécherheetsautoritéiten an Däitschland warnen zanter Méint virun hybriden Attacke vu Russland.

Grondstéck viru Feier schützen: Sträit ëm privat Brandschneis op Hallefinsel Cap Ferret

Fir säi Grondstéck virum Flächebrand op der franséischer Hallefinsel ze schützen, huet de Geschäftsmann Benoît Bartherotte eng Schneis an en ëffentleche Bësch schloe gelooss.

Op Floss an Nigeria: Iwwer 50 Doudeger bei Bootsongléck

Bei engem Bootsongléck op engem Floss am Nordweste vun Nigeria sinn en Donneschdeg Dosende Leit ëm d'Liewe komm.

Süde vu China: Zuel vun den Doudesaffer no Iwwerschwemmunge klëmmt op 159

Bis ewell war a sech vun 39 Doudesaffer rieds gaangen.

Konsequenze vum Klimawandel: Zerstéierungen duerch Bëschbränn an Europa kéinte sech verdräifachen

Enger Etüd no kéint sech d'Ausmooss vun der Zerstéierung duerch Bëschbränn an Europa wéinst dem Klimawandel an den nächste Joerzéngte quasi verdräifachen.

Groussdeel vun der Populatioun ass dofir: Éischt Hiriichtung a Japan no iwwert engem Joer

Offiziellen Zuelen no sollen am Moment ronn 100 verurteelt Persounen a Japan op d'Doudesstrof waarden.

"Nuechten net méi op der Strooss verbréngen": Spuenien mécht zwee Flüchtlingslager zu Ceuta op

Dräi Wochen nom Massenundrang vu Migrante wëll déi spuenesch Regierung zwou "temporär Opnamstrukturen" an der spuenescher Exklav Ceuta opmaachen.

Trotz internationaler Kritik: Israel plangt weider Siidlungen am Westjordanland

Eng Friddensléisung an der Regioun géif anescht ausgesinn, sou kritiséiere vill Länner.

Net déi éischte Kéier: Finnland schätzt, datt russesche Fliger a finnesche Loftraum agedrongen ass

Et gouf där Virfäll schonn e puer dëst Joer.

President Alexander Vucic annoncéiert: A Serbien wäert et am Oktober virgezunne Parlamentswalen ginn

Dat huet de President Alexander Vucic en Donneschdeg den Owend op der lokaler Telé annoncéiert.

Staarkt Äerdbiewen a Südamerika: Am Peru huet de Buedem mat enger Stäerkt vu 7,2 op der Skala gewackelt

No Venezuela a Kolumbien huet et elo e weidert Land a Südamerika getraff.

51 Mesurë fir Renaturéierung: Duerch Subsid fir Proprietäre méi séier un Terraine kommen

Am November d'lescht Joer ass den éischte Renaturéierungsdësch lancéiert ginn. Zënterhier hu Vertrieder vu Gemengen, Natur- a Landwirtschaft 51 konkreet Mesuren ausgeschafft, fir d'Renaturéierung ze beschleunegen.