
Ronn sechs Wochen no den uergen Iwwerschwemmungen an der Regioun Guangxi am Süde vu China ass d'Zuel vun den Doudesaffer de Staatsmedien no op 159 geklommen. Zéng weider Persoune ginn ëmmer nach vermësst, sou déi staatlech Chaîne CCTV e Freideg. Bis ewell war vun 39 Doudesaffer rieds gaangen.
Den Taifun "Maysak" war am Juli iwwer Deeler vu Südchina gezunn an hat CCTV no iwwer 1,6 Millioune Leit an de Stied Nanning a Guigang getraff. "Am Moment si béid Gebitter komplett an der Phas vun der Erhuelung an dem Opbau no der Katastroph", sou CCTV weider.

Comments
Nothing yet. Say the first thing.
Sign in to join the conversation.