No hirer gescheiterter Klo géint de Boulevardzeitungsverlag ANL, dee si beschëllegt haten, an hirer Recherche onlauter Methoden ze benotzen, mussen de Prënz Harry an aner Prominenter, déi geklot haten, d'Prozesskäschten elo droen.
Fir säi Grondstéck virum Flächebrand op der franséischer Hallefinsel ze schützen, huet de Geschäftsmann Benoît Bartherotte eng Schneis an en ëffentleche Bësch schloe gelooss.
Enger Etüd no kéint sech d'Ausmooss vun der Zerstéierung duerch Bëschbränn an Europa wéinst dem Klimawandel an den nächste Joerzéngte quasi verdräifachen.
Am November d'lescht Joer ass den éischte Renaturéierungsdësch lancéiert ginn. Zënterhier hu Vertrieder vu Gemengen, Natur- a Landwirtschaft 51 konkreet Mesuren ausgeschafft, fir d'Renaturéierung ze beschleunegen.