Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: https://bit.ly/3RVs4np - Facebook: https://bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
Haut an der "Summerpaus." geet et breetgefächert quer durch den Garten mat enger Instanz, enger Ikon, enger gudder Maus: De Yannick kläert zesumme mat ärem Liblingspodcast net just d'Ierfschaftsreihefolg an analyséiert (méi oder manner) berüümte Wunnengen, mee liwwert och den "hot priest II" a beschwätzt popkulturell Polemiken (en Hënner, e Rack, e Schung). Tëscht "Scary Movie"-Enttäuschungen, der…
Hey hey! An der éischter "Summerpaus." kënnt de Springinsfeld an "Early Bird" Jordi Wagner (méi oder manner) zu Wuert: Dem Yannick säin Jet Set-Reespartner verréit eis, ob et him am Äishockey-Stadion wierklech net kal war, ob hien d'"No Angels" kennt a wien d'Urgestein vum cinematic content zu Lëtzebuerg ass. Ausserdeem gi mir gewuer, wat et mat der "Dubai Sekte" op sech huet, wéi eng Serien seng…
Dës Episod ass fir d'Küken, déi d'Nascht verloossen a fir all d'Lackéierer a Lisas! Mir waren eenzel zesummen op engem Concert, erënneren eis un d'eege Schoulzäit a léien emol net am Noutfall. Et gëtt iwwer "Confessions II" an "Heated Rivalry II", den "Toxic Seventy-one" a pedagogesch (In-)Kompetenz geschwat. Haut ginn et och hot priests a sexy Mäerder, de Baby Reindeer-Mann an de Billy…
Haut fille mir eis, ewéi wa mir an e Fön eragetrëppelt wären, ruffe "Vive de Guy" a sangen de komplette "Body Talk"-Album – lowkey vision. Ee vun eis kritt vläicht eng Kaz oder gëtt bestuet, deen aneren ass eng Seriefigur aus den 2000er. Nieft ale Mediemänner a séisse Marketingmausis geet et haut nach ëm en Exhibitionist am Bësch, Police-Probleemer wéinst de "Francopholies" an ein Orakel namens…
Et ass Pride Month an dofir gëtt haut Scheet/d zerwéiert. Mir sinn NRW fir iech mat an d'Boot vum Puls der Zeit ze huelen! Et geet haut zwar net em Leni Riefenstahl-Remakes oder "Muriel's Wedding", dofir awer ëm eng Pressekonferenz fir Millennials (Thema: vocal stims), onreguléiert Emotioune bei der Männer-Fussball-WM a MyGuichet.lu-hate. Tëscht Gebuertsdagskaddoen, Generatiounskonflikter a…
Zeréck aus dem prollegen Zürich an aus der Privatklinik sinn d'Heidi an d'Clara aus der Podcastwelt nees fir iech do – natierlech audio only! Ee vun eis war am "Boy Aquarium", deen aneren am Video vum ING-Marathon. Tëscht häerzege Serie-Pappen an underrated 90's Girlgroups geet et an dëser Folg ëm den 2. Agenda, de Lavalott an Empörung an der oppener Schwemm. Vläicht schreiwe mir haut e klengen…
Berouegt iech emol alleguer! Haut gëtt vun ënnen erop geschwat an am selwechte Boot bis zum Muskelkater geruddert. Tëscht Aluhut-Fashion a gekréngeltem Graffiti spille mir Polo an Argentinien, hunn eng faszinéierend Maschinn op eis Wonschlëscht geschriwwen a liesen aus eisem geheime Journal vir. Et dierf een zwar näischt méi soen, mee Plaz fir psychologesch Studie bleift ëmmer – haut ënner anerem…
Ugestach an opgestëppelt gëtt et haut eng Episod, déi zweemol opgeholl gouf. Den Hangryman an d'Fra ouni Zäitmanagement hunn hiert Häerz an déi richteg Bunn gelenkt a liwwere one sided beef mam nationale Radio, Kölner (méi oder manner) Promis, e mäerderesche Buchtipp an e Powernap op der Wildwasserbahn. Den Dresscode ass "Kommioun", mee och "Nuesschnappech an Zwier", d'Theme schwanken tëschent…
Et ass net all Dag Kiermes, och wa Kuch gebak gëtt – är "Witches of Eastwick" sinn haut vreckt am Fréijoer, mee trotzdeem fir iech do! Wann dës Episod e Film wär, géing en zimmlech sécher "The Fast and the Furious – Tokyo Ofdrift" heeschen. Maacht iech also prett fir Themespréng vu "Coachella" bis Militärmusik. Ënner anerem geet et ëm d'Weltrettung duerch d'Zara Larsson, d'Reallife-"Kimmy…
At the end of the day... ass dëse Podcast eng gemeinsam Evolutioun – dat hunn d'lëtzebuergescht Winona Ryder a Julia Roberts an der Ouschter-Episod erausfonnt a ginn dofir eppes un d'Gesellschaft zeréck: déi beschten Hondsnimm, eng sënnvoll Petitioun an Hëllef bei engem laang iwwerfällege Rebranding: Männer! E puer Gudder hu mir och scho mat am Gepäck: den Tino Marino, de Jean Jujarin, den Hugo…