RSS Amplifier

Podcast

On the Record - Reporter.lu

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Am Gespréich mat Journaliste gi mir den Themen op de Gronn a werfen e Bléck hannert d’Kulisse vun eise grousse Recherchen. Nei Episode gëtt et all Freideg.

reporter.luSource feed ↗10 episodes

Live Last read · last published · next check

Written by

Latest episodes

Saves to your Listen queue, to pick up on another day or another device.

Eng Klimapolitik ouni Wäitsicht

D’Regierung setzt Ureizer fir d’Energietransitioun, mee d’Klimaziler ginn ëmmer méi schwéier ze areechen. Wouru läit dat? Wou muss nogebessert ginn? A firwat bräicht et virun allem eng aner Kommunikatioun? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Play

Méi séier Prozeduren, mee wierklech méi einfach?

D’Regierung hat sech eng grouss Simplificatioun administrative virgeholl. Mee si Reforme wéi de „Once only“ esou einfach ëmsetzbar? Oder d'Digitaliséierung bei der Steierverwaltung? An dat alles bis 2028? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Play

Eng Affär mat politeschem Opklärungsbedarf

D’Affär ëm presuméierte Bedruch an der Immigratioun wërft vill Froen op. Wat ass gewosst? Wéi glafwierdeg sinn d’Aussoe vun den zoustännege Ministeren? A wéi ass et mat der politescher Responsabilitéit? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Play

Méi séier a méi einfach bauen?

Den Inneminister Léon Gloden huet säin Text fir en nationaalt Bautereglement virgeluecht. Wat steet do dran? Gëtt et de grousse Versprieche gerecht? A wéi vill Autonomie behalen d'Gemengen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Play

Vum Projet Alpha zum Projet Alternativlos?

Kuerz virun der Summervakanz war de Projet Alpha nach eemol Thema an der Chamber. Wat soen déi nei Etuden an Evaluatiounen aus? Wéi ass d'Virgoe vum Ministère ze beurteelen? A wéi geet et elo weider? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Play

Wéi wiele mir an Zukunft?

D’Chamber diskutéiert iwwert eise Walsystem. Wéi sécher ass de geplangten elektronesche Vott? Wéi solle Wieler am Ausland agebonne ginn? A wat huet dat mat de Bezierker an dem Walrecht ze dinn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Play

Eng Hëtztwell als Warnschoss

Déi lescht Woch huet gewisen, wéi eng Auswierkungen héich Temperaturen op d'Liewen zu Lëtzebuerg kënne hunn. Wéi war d'Land dorop virbereet? Wéi gouf d'Situatioun geréiert? A wat fir Léiere musse lo gezunn ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Play

Eng Politik op Nummer sécher

CSV an DP hunn eng aner Politik versprach. Och bei der bannenzeger Sécherheet. Hu si dat ageléist? Oder huet sech virun allem d’Rhetorik geännert? A wéi ass dat alles ze beurteelen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Play

Eng schwiereg Gemenge-Lage

Aktuell gëtt un enger Reform vum Gemengegesetz geschafft. Wat soll sech domat änneren? Wourun stéieren sech d'Deputéiert? A wat seet dat iwwer hiert d'Demokratieverständnis aus? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Play

Wéi resilient mécht eis dëse Pak wierklech?

Den Tripartite-Accord ass ënnerschriwwen an de Resilienzpak läit vir. Wat ass dovun ze halen? Wou gouf verpasst, déi strukturell Problemer unzegoen? A wéi koum et réckbléckend zu där séierer Eenegung? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Play