Gëschter huet eis d’Noriicht erreecht, datt de Lëtzebuerger Auteur Robbie Martzen am Alter vu 56 Joer gestuerwen ass. De Robbie Martzen huet Prosa a Lyrik an an englescher Sprooch geschriwwen. Seng Texter sinn ënner anerem an de “Cahiers luxembourgeois” an an “nos cahiers” publizéiert ginn. Hien ass reegelméisseg an England fir seng Lyrik ausgezeechent ginn, grad esou wéi ze Lëtzebuerg beim…
An haut e weidere Liestipp vum Valerija Berdi. Et ass dem Guy Helminger säi Gedichtband: Gebäude für Breitengrade. D‘Buch ass am däitschen Elif-Verlag erauskomm.
E Flüchtlingsdrama erzielt aus der Perspektiv vun engem Hong. De Michel Delage an d'Vesna Andonovic hunn dësen originellen ungaresch-griichesche Film beschwat.
Den nigerianesch-stämmege Londoner Joshua Idehen verbreet mat sengem housege World-Pop ee radikal-friddleche Message op der Bün: laizistesch, mënschlech, empathesch, an disco-fanatesch. Gëschter Owend huet de Museker live zu Bouneweg bei de Congés annulés gespillt, an dat mat engem Schotz vum Lëtzebuerger Napoleon Gold sengem Feinsten. De Marc Clement war fir eis lauschteren.
An der Adeline Dieudonné hirem véierte Roman "Dans la jungle" erfuerscht d’Belsch Schrëftstellerin eng toxesch Bezéiung, déi tragesch endegt. De Jeff Schinker huet de Roman gelies, a verréit, wisou de Roman sech, trotz senger Donkelheet, wéi ee spannende Thriller liest.
Den amerikaneschen Horror-Survival-Thriller "The Last House" setzt eng Famill an Zeen, déi wärend engem forcéierte Confinement zolitt op d'Prouf gestallt. De Michel Delage mat enger Kritik vun dësem Netflix-Film.
D'Lena Dunham hat immens Erfolleg mat hirer Serie "Girls", an där si d'Liewe vu jonke Fraen zu New York an den 2010er Joren duergestallt hat. Ganz ongefiltert ass et hei ëm Relatiounen, Sex, Aarbecht a Famill gaangen. Wéi et awer hanner de Kulissen ausgesäit, wann ee jonke Mënsch esou séier berüümt gëtt an dann och nach mat chronesche Krankheeten ze kämpfen huet, dat beschreift d'Lena Dunham an…
Datt Familljen net just eng Plaz vu Sécherheet, Léift a Zesummenhalt sinn, dierft gewosst sinn. Déi däitsch Schrëftstellerin Birgit Bachmann stellt an hirem Debut-Roman "Ein Samstag im August" eng ganz Rei Persoune vir, déi duerch familiär Liene matenee verbonne sinn. Queesch duerch Generatioune weist d‘Autorin op Geheimnisser, Suergen, Dreem a Verbatterung hin, an datt Famill alles ka sinn. Op…
"Eng Woch Stuerm" passéiert, wann de Gudde Wëllen an der Helleggeescht Gaass dem Label Two Steps Twice de Schlëssel fir eng Woch gëtt a seet: "Maacht wat dir wëllt". Wat si wëllen, ass Panels iwwer Filmsynic, Songwriting-Workshops, Echangen iwwer Film, Musek an hire Marketing, an natierlech ee Concert an eng House-Party. Reportage vum Marc Clement um vum Freiden den Owend, kuerz viru Schluss vun…
E Poppenhaus ass eng kleng Welt, déi ee kontrolléiert. schützt, an agencéiert wéi ee wëllt. Mee och eppes Fragilles. Op "Dollhouse" gesi Slow Fiction eist Privatliewen als esou eng Welt a beschreiwe, wat passéiert, wann d'Baussewelt sech net méi ofwiere léisst.
Am Moment ass d‘Verfilmung vum Homer senger “Odyssee” e grousse Sujet. D‘Valerija Berdi huet Iech eng ganz aner Helden-, oder besser gesot Heldinnen-Geschicht ze proposéieren. Kee Film, mee e Buch. Der däitscher Schrëftstellerin Anne Weber hiert Wierk: "Annette, ein Heldinnenepos". Eng Odyssee vun enger anerer Zort. D'Buch koum am Verlag Matthes & Seitz eraus.
Ganz vill Variatioun, esou kann een d’Saison 2026/2027 vum Centre des arts pluriels vun Ettelbréck iwwerschreiwen. An dobäi gëtt op en Neits fir déi nächst Saison ganz vill op “Community and Participation” gesat. Ganz vill Variatioun wëllt heeschen, datt Kreatiounen a Co-Produktiounen um Programm stinn a Variatioun heescht awer och, datt Spektakelen a véier Sproochen ugebuede ginn: Franséisch,…
D’Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg versuergt eng 7 Millioune Fotoen an Negativen, déi tëschent 1855 an haut gemaach goufen. Dat mam Zil, d’Evolutioun vun der Stad, hiren Awunner:innen an Evenementer dokumentéieren ze kënnen. Fir hir Schätz mat der Ëffentlechkeet ze deelen, organiséiert d’Ekipp vun der Fotothéik am Summer traditionell eng Expo am Ratskeller vum Cercle Cité. “More than a postcard”…
Deadletter sinn eng brittesch Post-Punk-Band, gegrënnt 2020, a bekannt fir hiren düstere, sarkasteschen a komescherweis danzbare Sound mat dreiwendem Saxofon a messerschaarfe Gittaren. Gëschter hu si op de Congés annulés an de Rotonden ee laang erwaarten, well schonn eemol verluechte, Concert gespillt. De Marc Clement war lauschteren a kucken.
Sechs plus eng Erzielungen, déi all eenzel d‘Lieser:innen an de Bann zéien – déi huet d‘Elise Schmit ënner dem Titel “Allgemeine Zweifel am weiteren Verlauf“ erausbruecht. De Recueil koum am Luchterhand-Verlag eraus an ass e Liestipp vum Valerija Berdi.
Zanter dem Kulturjoer 2007, an also zanter hiren Ufäng, presentéiert d’Ekipp vun de Rotonden d’Triennale Jeune Création: dëst als Plattform fir nei Kënschtlergeneratioune vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun. Bis Enn August gëtt momentan déi 6. Triennale ënner dem Titel “Common Ground” an de Rotondë gewisen. D’Curatioun hunn déi Kéier net Perséinlechkeete vu bekannte Kulturinstitutiounen…
Wellbeing, Work-Life-Balance, iwwer de Sënn vun der Existenz meditéieren … dat kléngt no aktuellen Trendsujeten. Mee se schéngen och am Mëttelalter schonn eng wichteg Roll gespillt ze hunn: eis London-Korrespondentin Marie Billon war d’Expo "Living by the Rule: Contemporary meets Medieval" am Sainsbury Center Norwich, also am Oste vun England, kucken.
Déi éisträichesch Schrëftstellerin Monika Helfer ass leschte Sonndeg, 2.8., onerwaart am Alter vun 78 Joer gestuerwen. Hire Roman "Die Bagage", deen 2020 am Hanser-Verlag publizéiert gouf, ass den éischten Deel vun hirer Familljentrilogie, dee mat sëllege Literaturpräisser ausgezeechent gouf an déi däitschsproocheg Géigewaartsliteratur gepräägt huet. D’Valerija Berdi mat engem Portrait.
Den Ausdrock “Etat brut” bezeechent de Réizoustand vun engem Diamant oder Korallen, zum Beispill. “Brut” deemno am Sënn vun organesch, natierlech, onbehandelt, awer och primitiv. Et gëtt de Salaire brut, ewell och d’Information brute, also déi net inzenéiert Info op Soziale Medien. An der Escher Konschthal ass eng vun den aktuellen Expoe mat Titel “Etat bruit” iwwerschriwwen. Klangkonscht?…
Dëst Joer markéiert den 150. Doudesdag vun der franséischer Schrëftstellerin George Sand. Och wa si als Maîtresse vum Frédéric Chopin oder als Kannerbuchautorin bekannt ass, esou sinn et hir sozial, politesch, subversiv a modern Schrëften, déi bedeitend sinn. Esou lues kënnt dat och an de Käpp a Frankräich an a Groussbritannien un, wou eng Rei Autorinnen drop opmierksam maachen. E Reportage vun…
Trophy Wife hu mat dëser véierter Plack net just en neien Album erausbruecht, mee eng kloer Ausso gemaach, wouhinner d'Rees geet. D'Melodië si méi kloer, d'Produktioun méi ausgeräift an d'Stëmm vun der Sängerin steet méi selbstbewosst am Virdergrond wéi jeemools virdrun.
Wat leeft? Do dréit der Kënschtlerin Su-Mei Tsé hir Klangskulptur, eng Aart Luuchte-Karussell, an der aler Kierch Saint-Laurent zu Dikrech hir Ronnen; fält dem Michel Majerus säin Tableau “Halbzeit”, zum Theema hypermediatiséiert Konsumkultur, am Luxembourg Learning Centre um Belval op. Tja, de Mudam deelt seng Bonbone mat der Bevëlkerung, dëst am Kontext vu sengem 20. Gebuertsdag. Zwielef Wierker…
A sengem neie Gedichtband "Sonné d'Amérique" (Lisière éditions) verpaakt de Florent Toniello seng Nordamerika-Andréck a Form vu klassesche Sonetten. De Michel Delage huet d'Buch gelies.
De visuelle Kënschtler a Grafiker Paul Kirps ass Iech eventuell duerch seng “Konscht-um-Bau”-Aarbechten e Begrëff: seng monumental abstrakt Wierker sinn zum Beispill an der Europaschoul zu Mamer oder dem Lycée Edward Steichen zu Klierf, respektiv op der Fassad vum provisoresche Jean-Monnet-T-Gebai vun der EU-Kommissioun um Kierchbierg ze gesinn. Mee hie kann och ganz anescht an a ganz aneren…
D’Congés annulés sinn de leschte Weekend ugaange mat enger Ouverturessoirée mat vill Punch: GANS, déi englesch Band, déi den Eurosonic am Wanter a Stëmmung versat hat, stoung dem däitschen Elektromusker Chris Imler géigeniwwer, ënnerstëtzt vun de Lëtzebuerger Sheebaaba. Iwwer deen zweete Concert, deen e Sonndeg war a wou Faraquet a Mutiny on the Bounty op der Affiche stoungen, erzielt eis de Marc…
Et gi Romaner, déi d‘Welt an enger grousser Geschicht erzielen, hei ass e klenge Roman, eng duuss Geschicht, wou ganz vill drasteet. Et geet ëm dem Michael Köhlmeier säi Wierk: “Das Mädchen mit dem Fingerhut” – e Liestipp vum Valerija Berdi. D‘Buch koum am Hanser-Verlag eraus.
Wann ee Kënschtler vun engem Grupp vu Konschtexperte mat “hors norme, hors temps” bewäert gëtt, huet en et eigentlech gepackt, oder? En plus kënnt dës Aschätzung net vum Konschtmaart a wier eventuell e Verkafstrick, mee aus eisem Nationalmusée. Doriwwer eraus geet et ëm eng lëtzebuergesch KënschtlerIN, an zwar eng, déi tëschent 1879 an 1947 gelieft huet, zu enger Zäit also, wou Fraen an der Reegel…
Mir haten iech dëser Deeg mat bei d‘Néckel Scholtus an hir Kënschtlerinne-Residenz zu Arles geholl. De Beitrag iwwert der Fotokënschtlerin hir Zäit am Kontext vun de Rencontres d‘Arles fannt dir op eisem Site 100komma7.lu. Begleet gouf si vun zwee Mentoren; een dovunner war de Fotograf a Curateur Nicolas Havette. An dee presentéiert nach bis de Sonnden inclus d‘Gruppenexpo „Les (Dé)généré(e)s“ an…
D’Konschtbiennale vu Venedeg ass zanter Enn Mee amgaangen, mat der Lëtzebuerger Contributioun dës Kéier vun der Aline Bouvy, déi do hir Kuerzfilminstallatioun “La Merde” weist. Un deene ville Kontroversen, déi dës Editioun vun der Biennale geplot gouf, ass de Lëtzebuerger Pavillon net bedeelegt, a rezent koum nach eng dobäi, oder eng Konsequenz dovunner. De Marc Clement aus der Kulturredaktioun…
De chineesesche Schrëftsteller Yang Lian kann op e beweegte Liewen zeréckkucken. Dat spigelt engersäits seng Lyrik an anersäits seng opschlossräich Essayen. Vum Yang Lian leien zwee Bicher vir, “Erkundung des Bösen”, mat Lyrik, an “Im Einklang mit dem Tod” mat Essayen. Iwwer en Auteur, deen tëschent historeschen Epochen a Kulture säi Wee huet misste sichen, verréit de Léon Renaldetti méi.
Ee bis dohi wéineg beliichten Aspekt vun der Lëtzebuerger Auswanderung an d'USA: fräiwëlleg Ënnerstëtzungsveräiner hunn hire Membere materiell Hëllef ugebueden a fir d'Erhale vun der Lëtzebuerger Kultur gesuergt. D'Historikerin Caroline Resch beschreift dee Phenomeen an der aktueller Ausgab vun der Geschichtszäitschrëft Hémecht.
Zanter 10 Joer versichen d‘Membere vun der ASBL Lët‘z Arles déi Lëtzebuerger Fotografie am Kontext vun de Rencontres de la photo d‘Arles international méi bekannt ze maachen. An zwar net just duerch Fotokonscht-Expoen um renomméierte Festival. D‘Fotografin Néckel Scholtus, zum Beispill, war mat hirem neie Projet fir eng länger Kënschtlerinne-Residenz zu Arles selektionéiert ginn. Wat si dëse…
Dëse Summer proposéiert d‘Valerija Berdi nees eng Rei Bicher, déi hir ganz besonnesch gefall hunn. Hei ass et d‘Gedichtband vun der Srdjana Jovanovic mam Titel: “Überall ohne Ort”. D'Buch koum an Zesummenaarbecht mat Ënnert de Radar - Produktiounen a fata.luxembourg eraus.
Viru Kuerzem gouf den Dirigent an Enseignant Pit Brosius als Gewënner vum Prix Arts et Lettres 2026 ugekënnegt. De jonken Dirigent an Enseignant gëtt domat vum Institut Grand-Ducal fir seng Verdéngschter am Beräich vun der Kultur zu Lëtzebuerg geéiert. Fir hie selwer koum dës Nouvelle ganz iwwerraschend, wéi hien am Opus-Interview verroden huet.
Bis ufanks Oktober ass d’Foto-Expo “La nature d’Edward Steichen” um renomméierte Fotofestival “Les Rencontres d’Arles” ze gesinn. Direkt niewendrun presentéiert déi amerikanesch Kënschtlerin Lisa Oppenheim, Joergang 1975, hir kënschtleresch Reaktioun op dem Edward Steichen säi facettëräicht Wierk mat enger Rauminstallatioun. D’New Yorkerin ass fir hir experimentell Film- a Fotoaarbechte bekannt,…
Et ass eng Traditioun, déi an d‘12. Joerhonnert zeréckgeet, déi awer all Joer op en Neits stattfënnt: Zielen a Markéiere vu jonke Schwanen op der Themse. Dat Ganzt nennt sech Swan Upping a vermëscht Folklor, Ëmweltschutz an d‘Wuelbefanne vun den Déieren. Eis London-Korrespondentin Marie Billon huet matgezielt.
Zënter enger Woch ass de Jeff Schinker zu Avignon, wou dëst Joer 1.800 Stécker am Off lafen. Um Enn vu sengem Theater-Marathon, deen deels bis spéit an d’Nuecht gaangen ass, héiert Dir hei live vun Avignon e Bilan aus dem In an dem Off.
Déi 57. Editioun vun de Rencontres de la photo zu Arles ass mat “Des mondes à relire” iwwerschriwwen. Also mat enger Invitatioun, d’Aktualitéit oder wichteg Sujeten, mat Hëllef vun der Konschtfotografie, oppen an nei ze hannerfroen; respektiv d’Oeuvre vu confirméierte Kënschtler:innen anescht ze kucken. Déi Lëtzebuerger Fotografie ass, duerch den Engagement vun der ASBL Lët’z Arles, eng zéngte…
Eng weider Äishockey-Romanz gëtt zum weltwäite Serien-Hit: De Sportler an d'Streberin - D'Handlung vun esou enger Libesgeschicht huet ee schonn Honnerte Mol gesinn, oder? "Off Campus" fänkt als typesch Teenie-Serie un an iwwerrascht mat méi schwéieren Theemen a positive Männerbild.
"Monstre-moi" ass ee queere Psycho-Thriller, an deem sengem Zentrum en Interrogatoire tëschent enger Psychiaterin an enger Massemäerderin steet. Am Stéck, dat mat den Erwaardunge vun den Zuschauer:innen an de Mechanisme vum Thriller spillt, geet et ëm d’Erfuersche vun der Figur vun der (weiblecher) Monstruositéit. "Monstre-moi" ass eent vun de ville Stécker, déi am Off vun Avignon lafen. De Jeff…
Plomm - dat kléngt no Liichtegkeet an Duussheet. Plomm - dat ass den Numm vum Kannermusée, deen zu Wolz säi Sëtz huet. A wat esou besonnesch un dësem Musée ass, wisou e mat engem klassesche Musée absolut näischt ze dinn huet a wéi e Gewiicht d'Meenung an Aktivitéit vu Kanner a Jugendlechen hunn, dat erzielt den Nick Friedl vum Kannermusée am Gespréich mam Valerija Berdi.
Plomm - dat kléngt no Liichtegkeet an Duussheet. Plomm - dat ass den Numm vum Kannermusée, deen zu Wolz säi Sëtz huet. A wat esou besonnesch un dësem Musée ass, wisou e mat engem klassesche Musée absolut näischt ze dinn huet a wéi e Gewiicht d'Meenung an Aktivitéit vu Kanner a Jugendlechen hunn, dat erzielt den Nick Friedl vum Kannermusée am Gespréich mam Valerija Berdi.
"Monstre-moi" ass ee queere Psycho-Thriller, an deem sengem Zentrum en Interrogatoire tëschent enger Psychiaterin an enger Massemäerderin steet. Am Stéck, dat mat den Erwaardunge vun den Zuschauer:innen an de Mechanisme vum Thriller spillt, geet et ëm d’Erfuersche vun der Figur vun der (weiblecher) Monstruositéit. "Monstre-moi" ass eent vun de ville Stécker, déi am Off vun Avignon lafen. De Jeff…
D‘Françoise Odill ass eng Kontorsionistin, déi och mat Body Modification schafft. Am Fréijoer war si ee Mount laang an der Residence an der Escher Squatfabrik an huet do ënner anerem un hirer Stëmm geschafft. D‘Wal-Londonerin huet dës nei Experimentatioune viru Kuerzem an enger Performance zu London ugewannt. Eis Korrespondentin Claire Barthelemy war kucken.